
D'KPL fuerdert konkret, datt Leit a Kuerzaarbecht 100% vun hirer Pai kréien. Betriber déi Mataarbechter entloossen dierften net vum Staat gehollef kréien, respektiv missten se hir Suen, déi se vum Staat kritt hunn, zeréck bezuelen.
D'Helden am Santésberäich, dem Botzsetceur, dem Handel an dem Gardienage missten direkt besser Aarbechtskonditiounen accordéiert kréien. An d'Suen, déi fir de Kaf vum Militärfliger, dem Militärsatellit a militäreschen Drone virgesi waren, sollte fir sozial Depensen an der Covid-Kris benotz ginn.
Och wiere systemesch Léisunge fir de Wunnengsmaart néideg.