
Besonnesch fir d’europäesch Sécherheet ass den Ausgang vun dësem Konflikt kruzial.
Am Virfeld vun de Chamberwalen wollte mir dowéinst vun de Lëtzebuerger Parteie méi iwwert hir Positioun zum Krich an der Ukrain gewuer ginn. Wat ass hir Aschätzung vun der Situatioun a wat hale si vun der militärescher Hëllef fir d’Ukrain a vun de Sanktioune géint Russland?
No hirer Positioun zum Krich an der Ukrain gefrot, ginn d’Äntwerte vun de Parteie vu Bedauere bis zu enger klorer Verurteelung vun der russescher Invasioun. Wärend déi meescht Parteien, Russland kloer als Schëllege vum Krich an der Ukrain benennen, ginn et an dëser Fro 3 Ausnamen. Et sinn dëst Liberté-Fräiheet, d’Kommunistesch Partei an déi Konservativ.
Vu Liberté heescht et am Zesummenhang mam Krich an der Ukrain, dass déi westlech Aussepolitik näischt ënnerholl hätt, fir de Krich ze verhënneren. Esou seet d’Partei, dass vill Spezialisten a Politiker gewarnt hätten, dass en Abezéie vun der Ukrain an de westleche Block géif zu Ausernanersetzunge mat Russland féieren. De Krich wier Liberté no deementspriechend onnéideg a vermeidbar gewiescht.
D’KPL gesäit da kloer d’Ukrain als den initialen Aggresseur vum Konflikt: “Die KPL hat sich seit Beginn des Krieges in der Ukraine – der im Jahr 2014 von nationalistischen und faschistischen Milizen unter der Regie der Kiewer Putschistenregierung mit der Bezeichnung ‘Anti-Terror-Operation’ gegen die Bevölkerung der Donbass-Region begonnen wurde – für eine friedliche Regelung des Konflikts ausgesprochen.”
Allerdéngs betount d’KPL an hirer Äntwert och, dass si am Krich net op der Säit vu Russland géif stoen. Et géif een all Reproche, dass ee russesch Propaganda verbreede géif, wann ee fir de Fridden antrëtt, vu sech weisen.
Vun déi Konservativ heescht et, et géif een zu all vëlkerrechtswiddregem Krich kloer Nee soen. Allerdéngs geet d’Partei net weider op d’Fro vun der Responsabilitéit fir de Krich an.
Brauch et weider militäresch Ënnerstëtzung fir d’Ukrain oder sollt dës zeréckgefuer ginn?
Beim Sujet vun der militärescher Ënnerstëtzung sinn d’Positioune vun de Parteie méi differenzéiert. Nieft den 3 Regierungsparteien, stinn och nach d’CSV an déi paneuropäesch Partei Volt voll a ganz hannert de Militärhëllefen. Dës Parteie si sech dann och eens, dass een d’Ukrain, falls néideg, och an Zukunft mat weiderer militärescher Hëllef ënnerstëtze misst.
Déi Lénk no wier et dann esou, dass d’Ukrain e Recht op Selbstverdeedegung hätt. Aus deem Grond géif d’Partei d’militäresch Hëllef fir d’Land net prinzipiell ofleenen. Allerdéngs wier nëmmen op Waffeliwwerungen ze setzen, wéi dat aktuell passéiere géif, eng geféierlech Sakgaass, déi zu enger eesäiteger Eskalatioun féiere géif.
Vun der ADR heescht et dann, dass d’Ënnerstëtzung sech op net-déidlech Gidder wéi medezinescht Material oder Equipement fir den Deminage limitéiere misst.
Kloer géint all Form vu militärescher Hëllef sinn dann Liberté-Fräiheet an d’KPL. Vu Liberté heescht et, dass d’militäresch Ënnerstëtzung de Krich nëmme verlängeren, an op béide Säiten zu weideren Affer féiere géif. D’KPL ass dann der Usiicht, dass d’Suen, déi an d’militäresch Hëllef fléissen, géife gebraucht ginn, fir sozial Probleemer hei am Land ze léisen.
Wat halen d’Parteie vun de Sanktioune géint Russland?
Wat d’Sanktioune géint Russland betrëfft, loossen d’Lëtzebuerger Parteie sech kloer an 2 Lager splécken: Eent, dat der Meenung, ass, dass d’Sanktioune géint Russland néideg sinn an, wann néideg, nach musse verschäert ginn. Dëst sinn d’Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng, grad ewéi d’CSV, déi Lénk a Volt.
Volt hëlt ënnert dëse Parteien dann nach eng Kéier eng besonnesch Positioun an. Wärend déi aner genannte Parteien der Meenung sinn, dass déi aktuell Sanktioune schonn eng Wierkung weise géifen, ass d’paneuropäesch Partei der Meenung, dass Russland dës Sanktiounen ëmgeet a vun hinnen net ofgeschreckt gëtt. Bei Volt ass een dowéinst der Meenung, dass et elo schonn nach méi haart a geziilte Sanktioune bräicht.
Op der anerer Säit stinn dann déi Parteien, déi sech géint all Form vu Sanktiounen ausschwätzen. Et sinn dëst d’ADR, D’KPL, Liberté-Fräiheet an Déi Konservativ.
Vun déi Konservativ heescht et am Bezuch op d’Sanktiounen, dass dës de Krich nëmme verschäerfe géifen. D’ADR, Liberté an d’Kommuniste sinn dann allen 3 der Meenung, dass d’Sanktioune géint Russland den Haaptgrond vun der Präisdeierecht, vun de leschte Méint wieren. Vun der KPL heescht et ausserdeem, dass d’Sanktiounen net déi eigentlech Schëlleg vum Krich, mä nëmmen d’russesch Bevëlkerung treffe géifen.
(Umierkung vun der Redaktioun: Wéi dësen Artikel verfaasst gouf, gouf et nach keng Réckmeldung op eis Froe säitens de Parteie “Fokus” a “Piraten”. Dës wäerten awer, wann se do sinn, selbstverständlech nogereecht ginn.)