
En Dokter aus dem Service médical vum Härebierg muss enger Fra wéinst Harcèlement ronn 55.500 € Schuedenersatz bezuelen: Dat huet d'Cour d'appel an der Stad am Nomëtten decidéiert.
Mat deem Urteel kënnt dës Affär vu Belästegung eng 8 Joer nom 1. Prozess zu hirem Ofschloss. D'Fra hat 2011 Plainte gemaach géint de Medezinner, wéinst Harcèlement obsessionnel.
De Mann war am Februar 2013 am Appell - op strofrechtlechem Plang - zu enger Geldstrof vun 2.500 € verurteelt ginn.