Am Joer 2025Douane huet Protokoller am Wäert vun 1.462.056 Euro geschriwwen

RTL Lëtzebuerg
De Chiffer vun iwwer 1,4 Milliounen Euro géing der Douane no weisen, datt de Code de la Route zu Lëtzebuerg net vu professionellen Transportacteure géing respektéiert ginn.

Vum 1. Januar bis den 31. Dezember 2025 huet d’Douane am Kader vun hire Kontrollen am Lëtzebuerger Stroossentrafic Protokoller an Héicht vun 1.462.056 Euro geschriwwen. E Chiffer, dee géing weisen, wéi am Transitland Lëtzebuerg de Code la Route vu professionellen Transportacteuren net géing respektéiert ginn, wat net ze toleréiere wier, schreift d’Douane.

De gréisste Poste stelle mat 1.078.000 Euro Verstéiss am Beräich “Eurovignette” duer. Knapp 148.930 Euro hu misste bezuelt ginn, well d’Fuer- a Rouzäiten net agehale goufen. Fir net-konform Chargë goufen 43.500 Euro bezuelt an 23.750 Euro well dat maximaalt Gewiicht iwwerschratt gouf. Fir Verstéiss am Zesummenhang mat Spezialtransporter goufe Protokoller an Héicht vun 41.725 Euro geschriwwen a bei Verstéiss géint de Code de la Route 126.151 Euro.


Dat ganzt Schreiwes vun der Douane fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO