
An der Conter Gemeng hänkt den Hauseege méi wéi schif. Nodeems schonn Ufank des Joers Mobbingreprochë vu Mataarbechter géint d’CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet ëffentlech gi waren, hat Mëtt Juli d’LSAP-Schäffin Stéphanie Ansay hire Récktrëtt annoncéiert an dee mam Behuele vun der Buergermeeschtesch begrënnt. Mëttlerweil huet d’LSAP offiziell een Opléise vun der aktueller Koalitioun gefrot. Hannert de Kulisse lafen dann och schonn d’Gespréicher, fir eng nei Majoritéit ze bilden, an déi dierft aus dräi Parteie bestoen.
An zwar aus der DP, der LSAP an deene Gréngen. Déi dräi Parteie si schonn zwee Mol beieneekomm a wëllen deen Austausch elo intensivéieren. Sollten déi ee Succès ginn, wier Conter iwwregens déi eenzeg vun den 100 Gemengen hei am Land mat enger sougenannter Gambia-Koalitioun. D’DP hat sech zwar och zwee Mol mat der CSV getraff, mee déi Gespréicher goufen elo op Äis geluecht. Den Dali Zhu, de Beschtgewielten op der DP-Lëscht virun zwee Joer, erkläert firwat:
“Et war och éischter fir ze kucken, wéi gi mer dann op enger mënschlecher Basis mateneen eens, wéi diskutéiert een iwwerhaapt iwwert déi verschidden Knackpunkter oder Problematiken an der Gemeng. An do huet sech eben erauskristalliséiert oder de Comité vun der DP hei zu Conter huet sech entscheet, et ass méi opportun oder et huet ee méi Chance op eng gutt a laangfristeg Zesummenaarbecht mat der DP an deene Gréngen.”
Wéini déi Gespréicher ofgeschloss solle ginn, kéint hien awer net soen. Bei der CSV seet een, datt et der DP hiert gutt Recht wier, dat esou ze maachen. Et kéint ee lo just ofwaarden, ob Blo, Rout a Gréng sech eens ginn. D’Marion Zovilé-Braquet fënnt awer op alle Fall, datt een der DP eng attraktiv Propositioun gemaach hätt.
“Datt all Verhandlungen op sinn, datt mer bei Null mat hinne géifen ufänken an déi lescht véier Joer natierlech een neit Koalitiounsofkommes maachen, wou och ee Splitting vum Buergermeeschter, oder wat och ëmmer vun hirer Säit gewënscht oder gefrot wier vun hirer Säit, souguer méiglech wier. Mir hunn eis Kaarten, entre Guillemets, op den Dësch geluecht andeems mer einfach gesot hunn, mir si riicht eraus, mir si bereet eis Verantwortung weider ze iwwerhuelen, eis Projete fäerdeg ze maachen, an zwar mat iech.”
Si hätt de Verdacht, datt et net ëm Inhalter, mee reng ëm d’Persoune goe géing. Ëmmerhi wieren d’Walprogrammer vun CSV an LSAP virun 2 Joer quasi identesch gewiescht.
Een inhaltleche Knackpunkt vun der DP, awer och vun deene Gréngen ass, datt een de Projet vun engem neie Gemengenhaus nach eng Kéier op de Leescht hëlt an eventuell déi aktuell Märei erweidert amplaz een neit Gebai ze plangen. D’Nach-LSAP-Schäffin Stéphanie Ansay seet dozou:
“Et kann een all Punkt diskutéieren an an Zesummenaarbecht seng Conclusiounen zéien dann.”
Nofro: “Dat heescht, hutt der net d’Gefill, datt der ze vill hannert äert Wuert da gitt, well dir waart jo do mat der CSV eens?”
“Dee Concours war schonn an der leschter Legislatur, en ass nach eng Kéier opgerullt ginn, well de Gewënner sech zeréckgezunn hat an dat war wéi gesot an der Kontinuitéit vun deem, wat schonn amgaange war.”
Een anere Punkt, deen eng wichteg Roll spillt, ass déi zukünfteg Organisatioun vum Gemengepersonal. Bei der Fro, wéi vill Leit nach sollen agestallt ginn, leien DP, LSAP an déi Gréng anscheinend nach e bëssi auserneen. Eens ass ee sech awer doranner, datt den Ëmgank een anere soll ginn. An do hätt een och d’Ënnerstëtzung vun de Gewerkschaften, wéi de grénge Conseiller Jean-Jacques Arrensdorff erkläert.
“Ech perséinlech hat eng Reunioun mat Responsabele vun OGBL an LCGB an déi zwou Gewerkschafte sti voll hannert eis, fir an der Gemeng rëm de Sozialdialog unzekierpen an dat rëm op een normalen Niveau ze kréien, datt hei rëm normal matenee geschwat gëtt an normal ka geschafft ginn.”
Ma och wann ee sech lo séier eens sollt ginn, fir eng nei Koalitioun ze forméieren, wäert et awer nach bis de Refus vum Budget am Dezember daueren, bis d’CSV-LSAP-Majoritéit gestierzt gëtt. Warscheinlech Ufank d’nächst Joer kéint dann een alternative Budget gestëmmt ginn.
Vun der Nach-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet ass et dann nach d’Ausso, datt si, sollt d’CSV an d’Oppositioun geschéckt ginn, wuel aus dem Gemengerot demissionéiere wäert.