2 Stonne VideokonferenzD'Paulette Lenert stoung den Deputéierte Ried an Äntwert

Fanny Kinsch
De Sträit tëschent der AMMD an der Santésdirektioun war een Thema an der zoustänneger Chamberkommissioun.
D'Paulette Lenert stoung den Deputéierte Ried an Äntwert
De Sträit tëschent der AMMD an der Santésdirektioun war een Thema an der zoustänneger Chamberkommissioun. Méi präzis Zuelen een aneren.

Santékommissioun/Reportage Fanny Kinsch

Fir de CSV-Deputéierte Jean-Marie Halsdorf wier d'Kommunikatioun vum Gesondheetsministère an der Santésdirektioun net ëmmer kloer. Onkloer wier a sengen Aen zum Beispill, wat eng Urgence géif duerstellen, déi och elo nach dierft traitéiert ginn.

"Mir schwätzen den Ament nëmmen iwwert d'Covid-krank Leit. Iwwert déi aner Leit gëtt guer net geschwat, déi normal krank Leit, déi am Fong och Problemer hunn, déi chronesch Krankheeten hunn an déi traue sech jo elo ganz oft net an d'Spidol ze goen, well se fäerten, se géife sech do ustieche mam Covid."

Krankheeten, déi aus Angscht verschleeft ginn, awer och Suiciden an akut psychiatresch Problemer: Och den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum wollt vun der Ministesch wëssen, wéi d'Krisemesure sech op de Recht vun der Medezin auswierken a wéi d'Regierung dat géif erfaassen.

"Déi Äntwert, déi mer kruten, ass natierlech net zefriddestellend well d'Regierung an d'Santé gesot hunn, dass se iwwer ganz wéineg esou Instrumenter am Moment verfügen. Dat ass och zum Deel novollzéibar, well jo och mat där Situatioun kee gerechent huet, mee et ass awer och ugekënnegt ginn, datt op d'mannst de Versuch gemaach gëtt, all déi Donnéeë besser ze erfaassen, fir e méi kloert Bild ze hunn. Well och de Confinement hannerléisst seng Trace. Bei de Leit, an eiser Gesellschaft, net nëmmen ekonomesch, mee och sozial a gesondheetlech."

 

D'Deputéiert hunn d'Gesondheetsministesch och opgefuerdert, méi präzis Zuelen ze publizéieren, wéi vill Leit net eleng um Covid-19, mee um Covid-19 mat anere Krankheete gestuerwe sinn a wéi vill Leit mëttlerweil als geheelt gëllen.

D'Paulette Lenert huet sech och engagéiert, deem nozekommen. Et misst een awer virsiichteg sinn - 14 Deeg no der Infektioun an no 48 Stonnen ouni Symptomer géif een als geheelt gëllen. Well awer nach esou wéineg iwwert d'Krankheet gewosst ass, kéint ee sech awer net ganz sécher sinn.

 "An da géife mer dat och präzis esou ausweisen, dass dat net Leit sinn, déi richteg geheelt sinn, mee déi ebe presüméiert sinn, geheelt ze sinn, no där Rechnung 14 Deeg plus 48 Stonne keng Symptomer. Domat hunn ech kee Probleem, wann dat kloer ass, mee et war mer am Ufank mulmesch domat, well et gäre mëssverstane gëtt an och eventuell zu enger falscher Sécherheet féiert. Wëssend, dass mer awer vill Fäll hunn an deenen et sech net onbedéngt no där Reegel ofspillt.

Weider huet et geheescht, bis elo hätt et just eng Persoun ginn, déi d'Quarantän formell kontestéiert huet. Den Deputéierte vun déi Lénk huet gefuerdert, datt d'Kadergesetz vun der Santésdirektioun, dat dem Santésdirekter erméiglecht, een ënner Quarantän ze setzen, nach emol op de Leescht geholl gëtt.

RTL NEWS: Santé vs AMMD - Enn der Woch dierft gewosst sinn, wéini d'Dokteren nees "normal" schaffen

Back to Top
CIM LOGO