Santé vs AMMDEnn der Woch dierft gewosst sinn, wéini d'Dokteren nees "normal" schaffen

Carine Lemmer
Fanny Kinsch
Mariette Zenners
Um Dënschdeg war eng konstruktiv Reunioun tëscht den Dokteren op där enger Säit a Vertrieder vun der Santé op der anerer Säit.
AMMD géint Santé
E Méindeg kruten d'Doktere wéi si fannen en „onpassende“ Bréif vum Direkter vun der Santé.

Déi medezinesch Aktivitéit an de Praxisse misst nees lues a lues ulafen. D'Léisunge géifen um Dësch leien. Si mussen awer nach vun der Gesondheetsministesch ofgeseent ginn, déi bei der Reunioun net konnt derbäi sinn.

Fir d'éischt sollen nees d'Consultatioun an den Doktesch-Cabineten méiglech sinn an dono och Operatiounen an de Spideeler.

An Aarbechtsgruppe mussen nach Detailer fir eenzel Spezialiste gekläert ginn, zum Beispill fir d'Zänndokteren. Déi brauche méi e spezielle Schutz – ënnert anerem Protektiouns-Blusen a Visièren - well si direkt am Mond vun de Patiente schaffen.

D'Gesondheetsministesch stellt sech hannert hire Santésdirekter

De Jean-Claude Schmit wier a sengem Rôle gewiescht, wéi en d'Dokterschaft per Circulaire un d'Reegele wärend dem Etat de Crise erënnert huet.

D'Doktesch- an Zänndokteschgewerkschaft AMMD huet sech um Toun vun dëser Circulaire gestéiert. D'Santésdirektioun hätt an de leschte Wochen eng Rei Reklamatiounen erakrut wéinst Dokteren, déi sech net un d'Krisemesure gehalen hätten an dofir wier et wichteg gewiescht, dës ze rappelléieren, esou d'Paulette Lenert.

Paulette Lenert an der Chamberkommissioun

RTL NEWS: 2 Stonne Videokonferenz - D'Paulette Lenert stoung den Deputéierte Ried an Äntwert D'LSAP-Gesondheetsministesch war um Dënschdeg de Moien och an der zoustänneger Chamberkommissioun. Op Demande vun den Deputéierten huet si hei annoncéiert, datt an Zukunft soll präziséiert ginn, wéi vill Leit d'Infektioun mam Coronavirus iwwerstanen hunn an och wéi vill Leit net eleng wéinst der Covid-19 Krankheet, mee u méi verschiddene Krankheete gestuerwe sinn.

Eng Persoun huet d'Quarantän bis elo formell kontestéiert - déi Informatioun gouf et och nach an der Chamber-Santéskommissioun en Dënschdeg de Moien. Am Allgemenge géifen d'Leit sech gutt un d'Mesuren halen, esou d'Ministesch.

AMMD vs Santé

„Et war de falsche Bréif, zum falschen Zäitpunkt mam falsche Message...“...d'Doktere sinn den Ament guer net frou mat der Santé.

Schonn d'lescht Woch hat d'AMMD - d'Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren - eng Entrevue gefrot, fir progressiv nees normal ze schaffen.

E Méindeg kruten d'Doktere wéi si fannen en „onpassende“ Bréif vum Direkter vun der Santé. Dee kritiséiert, datt verschidden Doktesch-Cabineten nees opgemaach hätten an dreet mat Sanktiounen a Kontrollen.

D'Dokteren, Zänndokteren an d'Veterinären däerfen elo an der Corona-Kris just Patiente behandelen, wann e ganz eeschte Gesondheetsproblem virläit oder eng Urgence. Dorunner huet den Direkter vun der Santé d'Dokteren e Méindeg erënnert.

PDF: D'Lettre-circulaire vum Santésdirekter Dr. Schmit

Back to Top
CIM LOGO