
Duerno war hien zu Fouss an Direktioun vum Garer Quartier geflücht. De presuméierten Täter war grouss, däischter gekleet an hat e bloe Pullover un. E war tëscht 50 a 60 Joer al, hat e kuerze groe Baart a kuerz gro Hoer.
D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet a sicht den Ament no Zeien.
An dësem Zesummenhang sicht d’Police elo no engem Mann, deen den Täter op senger Flucht gesinn an dem Bijoutier gesot hat, a wéi eng Direktioun dëse fortgelaf war. Dësen a jidderee soss, deen Informatiounen iwwert den Tëschefall oder de presuméierten Täter huet, ass gebieden, sech um 113 ze mellen, respektiv beim Service de Police Judiciaire ënnert der Telefonsnummer 244-601110 oder via E-Mail.
Besonnesch ass d’Police op der Sich nom Zeien, deen dem Affer matgedeelt hat, wouhin den Täter geflücht ass.
