Invité vun der Redaktioun (16. November)Dr. Stéphanie Thein, Neonatologin

Annick Goerens
E Méindeg de Moie si Fréigebuerten Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Hei zu Lëtzebuerg kënnt ronn ee vu 14 Puppelcher ze fréi op d'Welt. Gëschter war hiren Dag, de Weltprematuritéitsdag.

Munch Kanner verbréngen duerno Wochen oder souguer Méint an der Neonatologie. Wat geschitt, wann de Puppelchen endlech heem däerf? Wéi gëtt d'Kand weider betreit? A wéi kënnen d'Elteren dat iwwerhaapt stemmen?

Dat froe mer d'Presidentin vun der neier ASBL "Sou Kleng Sou Stark". D'Neonatologin Dr. Stéphanie Thein ass de Moie kuerz no 8 eis Invitée vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO