
E Samschdeg, de 14. November war et zu Réiden un der Atert op engem Foussgängeriwwerwee virun engem Supermarché zu engem Accident mat engem Foussgänger komm. E sechs Joer aalt Kand war vun engem donkelgroe Ford Kuga ugestouss ginn, wéi et iwwert d'Strooss wollt goen.
Nodeems de Chauffer nach versicht hat, ze bremsen, hat hien d'Kand awer ze pake kritt an um Been blesséiert. De Chauffer wollt duerno onbedéngt op der Plaz bleiwen, war awer vum Kand sengem Papp wech geschéckt ginn, ouni Donnéeën ze hannerloossen.
De Chauffer vum concernéierte Ford Kuga a weider Persounen, déi den Accident gesinn hunn oder Hiweiser kënne ginn, solle sech melle bei der Police zu Réiden um (+352) 244 921 000 oder per E-Mail op police.atert@police.etat.lu .