Weiler zum TuerGemengerot no Komplementarwalen nees komplett

Marc Hoscheid
Dräi Sëtz waren nei ze besetzen. D'Corinne Sonntag, de Sandro Collarini an de Christian Happ si gewielt ginn.
Zu Weiler zum Tuer ware Komplementarwalen.
© RTL

An der Gemeng Weiler zum Tuer waren e Sonndeg Komplementarwalen, woubäi net manner wéi dräi Sëtz am Conseil nei ze besetze waren.

Et hate sech 9 Leit gemellt, um Enn goufen de Sandro Collarini mat 583 Stëmmen, de Christian Happ mat 453 Stëmmen an d'Corinne Sonntag mat 377 Stëmme gewielt.

Elo ass een zu Weiler zum Tuer mat 9 Conseilleren nees komplett.

Back to Top
CIM LOGO