
E Samschdeg de Moie war géint 8.30 Auer eng Persoun bei engem Accident tëscht Dondel a Buer blesséiert ginn. Hei war en Auto agerannt.
E Samschdeg am Nomëtteg huet de CGDIS zwee weider Accidenter gemellt. Géint 14:45 Auer war et um CR350 vu Welschent an Direktioun Bamhaff zu engem Tëschefall komm. Eng Persoun gouf blesséiert. Weider Detailer gi keng matgedeelt. Wéi nach aus dem Bulletin ervirgeet, hat hei den Handy den Alarm ausgeléist. Ëm déi nämmlecht Auerzäit hat et nach tëscht zwee Gefierer zu Iechternach an der Route de Diekirch geknuppt. Och hei ass eng Persoun zu Schued komm.