Um Schumannseck an zu UespeltDräi Blesséierter bei zwee Accidenter um Dënschdeg de Moien

Andy Brücker
Bei den Accidenter waren all Kéiers zwee Autoen anenee gerannt.
© Laurent Weber

En Dënschdeg de Moien huet et um Schumannseck, tëscht Wolz an Noutem, géint 7:30 Auer gerabbelt. Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert.

Kuerz virun 8 Auer gouf et e weideren Accident, deen Ament zu Uespelt an der Fëlschdrefferstroosss. Och hei waren zwee Autoen anenee gerannt. Bei deem Accident goufen zwou Persoune verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO