
Um 6:43 Auer hat e Motocyclist um CR149 tëschent Munneref an Elleng eng Chute an huet sech dobäi verwonnt. D'Secouriste vu Réimech a Munneref hu sech ëm e gekëmmert.
Géint 10:30 Auer sinn an der Käerjenger Strooss zu Nidderkuer zwee Autoen net laanschtenee komm. Dobäi goufen zwou Persoune blesséiert. Am Asaz waren d'Rettungsekippen aus den Asazzentre vu Schëffleng, Esch a Suessem-Déifferdeng.