Accident an der DikrecherstroossDräi Persounen no Frontalkollisioun zu Steeën blesséiert, dovunner eng liewensgeféierlech

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Sonndegowend op der Dikrecherstrooss zu Steeën zu enger Frontalkollisioun tëscht zwee Gefierer.

Vum Pressebüro krute mir op Nofro gesot, an engem vun de Gefierer wieren dräi Persounen dra gewiescht, vun deenen alleguer verwonnt goufen, dovunner zwou liicht an eng liewensgeféierlech. Bei der liewensgeféierlech blesséierter Persoun soll et sech ëm d'Fuererin gehandelt hunn. D'Persoun, déi eleng am anere Gefier souz, soll keng gréisser Blessuren dovu gedroen hunn.

Op Uerder vum Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police judiciaire eng Enquête lancéiert.

D'Streck tëscht Steeën an Dikrech, wéi och tëscht Folkendang an Dikrech ass den Ament fir den Trafic gespaart. Eng Deviatioun gouf en place gesat.

Back to Top
CIM LOGO