Inneministesch reagéiert op Kritik vum StaatsrotD'Reform vun der Grondsteier wier prinzipiell net a Fro gestallt

Tim Morizet
Diana Hoffmann
No iwwer 80 Joer soll d’Grondsteier elo ugepasst ginn. Ma de Staatsrot hat beim entspriechende Gesetzesprojet nawell net mat Kritik gespuert.
D'Taina Bofferding reagéiert op d'Kritik vum Staatsrot un der Grondsteierreform
Der Inneministesch no, hätt de Staatsrot d’Grondprinzippie vun der Reform net a Fro gestallt.

All Proprietär vun engem Terrain, Haus oder Appartement muss Grondsteier bezuelen, Mol méi, Mol manner. Mat der Reform sollen d’Gréisst vum Terrain, d’Potential fir op dësem ze bauen, d’Distanz zur Haaptstad, d’Marchéspräisser an d’Proximitéit zu Servicer a Commercë mat consideréiert ginn, wa bestëmmt gëtt, wéi vill Grondsteier een op engem Terrain bezuele muss.

Fir Terrainen, déi net bebaut sinn, kënnt eng sougenannte Mobilisatiounssteier dobäi, déi, mat e puer Exceptiounen, no an no méi deier gëtt. Eng aner nei Tax ass dann déi op Wunnengen, déi eidel stinn.
Da Staatsrot hat allerdéngs 17 formell Oppositioune géint de Projet ageluecht. Den Text misst Deels nei geschriwwe ginn, heescht et beim Fëschmaart. “D’Grondprinzippie si vum Staatsrot net a Fro gestallt ginn”, mengt awer d’Inneministesch Taina Bofferding. Natierlech géingen et oppositions formelles ginn, wat bei esou engem schwieregen Text net verwonnerlech wier. Déi prozedural a steierlech Froen, déi bleiwen, wëll een an den nächste Méint ënner anerem mam Finanzministère an der Steierverwaltung klären.

D’Inneministesch reagéiert op Kritik vum Staatsrot / Diana Hoffmann

Fir d’Kritik vum Staatsrot, datt mam neie Gesetz Gréng-zonen net géinge besteiert ginn, weist d’Ministesch Versteesdemech. Hei géif aktuell un enger Solutioun mam Environnement geschafft ginn.
D’Kritik vum Gemenge-Syndikat Syvicol, léist si awer net duerchgoen. Dësen ass besuergt, datt d’Gemenge mat der Mobilisatiounssteier an der Tax op Wunnengen, déi eidel stinn, vill Aarbecht hunn, awer kee Su dovu gesinn. Et wäert een de Gemengen all d’Programmer zu Verfügung stellen, déi se brauchen, sou d’Ministesch.

D’Reform soll trotz dem negativem Avis vum Staatsrot kee Retard kréien a fir 2026 a Kraaft trieden. Vun 2027 u missten d’Leit dann déi reforméiert Grondsteier bezuelen, an déi, déi concernéiert sinn, d’Mobilisatiounssteier respektiv d’Tax op eidel Wunnengen.

Back to Top
CIM LOGO