Déi lescht Table ronde hat den Titel "Stierwen haut a mue" an do goufe grousse Lacunnen am Beräich Euthanasie a Palliativmedezin festgestallt.
17 Joer nodeems d’Euthanasie-Gesetz zu Lëtzebuerg a Kraaft getrueden ass, bleiwe eng jett Froen net beäntwert, an an der Praxis maache legal Grozonen esouwuel dem Patient wéi och dem Dokter d’Enn vum Liewen onnéideg komplizéiert. Vu politescher Säit ginn et Retizenzen, wat eng Upassung, eng Moderniséierung vum Gesetz ugeet, ouni dass déi ze vill op ee Coup géing änneren, soen esouwuel déi national Euthanasie-Kontrollkommissioun, wéi och d’ASBL Mäi Wëlle mäi Wee. Fir de Jean-Jacques Schonckert an de François Prum sollten och Kanner a Jugendlecher e Recht op Euthanasie kréien. Politesch géing d'Iwwerleeung awer net an déi Richtung, sou hir Kritik.
Dem Gesetz feelt et u Präzisioun, gëtt monéiert – an dem Mënsch un der Méiglechkeet, selwer iwwer d’Enn vu sengem Liewen ze decidéieren ... inacceptabel! seet de Psychiater Marc Graas; mir géife bevormundet, mir kéinten elo zum Beispill net festhalen, wéi mer stierwen, wa mer spéider dement sinn. Dobäi hätte mer als Bierger Rechter, déi de Gesetzesgeber ignoréiere géif.
Een eenzegen Hospice – d’Haus Omega géing iwwerhaapt net duer, kritiséiert de Palliativmedezinner Ben Thill! D’Saarland mat net grad duebel esouvill Awunner hätt der 15, 10 Palliativstatiounen an 10 ambulant Equippen. Et wieren inkompetent Dokteren Asaz, sou de Spezialist, dee Lëtzebuerg an der Palliativmedezin en Entwécklungsland nennt.
D’Cilly Soragna huet als Infirmière Erfarung mat Soins palliatifs mee och mat Euthanasie a weess, dass et béides muss ginn, esou wéi de Mënsch, dee leit, dat gäre fir sech hätt. Hie misst an all sengen Decisioune begleet ginn.
Sämtlech Acteure ware sech eens, dass d’Euthanasiegesetz, no 17 Joer, soll iwwerschafft ginn, an dass d’Gesellschaft esou eng Debat bräicht.