Sensationell DecouverteDrogenhond "Flin" erschnoffelt 31,5 Kilogramm Haschisch

RTL Lëtzebuerg
D'Douane dréit e Virfall no vun Ugangs Mäerz, deen aus ermëttlungstechnesche Grënn lo réischt Public gemaach gouf.
© Douane

Et geet ëm gréisse Succès an der Lutte géint d'Drogekriminalitéit säitens der "Inspection anti-drogues et produits sensibles“ vun der Douane.

Den Douaneshond Flin huet 31,5 Kg Haschisch an engem Won mat spuenesche Placken entdeckt. D'Droge sollten - gutt verstoppt - vun der Belsch erfort an d'Frankräich bruecht ginn.

D'Droge goufe saiséiert an de Chauffeur gouf verhaft.

Back to Top
CIM LOGO