
Een Dag virun der Presentatioun vun de budgetäre Perspektiven am Kader vum Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm an der Chamber war de Pierre Gramegna e Méindeg de Moien an den zoustännege Chamberkommissiounen.
Iwwerdeems d’Coronakris hei am Land am Mäerz d’lescht Joer ugefaangen huet, wier et pertinent de Verglach elo ze zéien, esou de Finanzministère. A wann ee kuckt: an den éischten 3 Méint vun dësem Joer wieren 9,5% méi Recetten akasséiert ginn ewéi an der selwechter Period d’lescht Joer, also virum Lockdown. Dat géing dem Finanzministère no „eendeiteg beweisen“ wéi „resilient“ d’Lëtzebuerger Economie wier. D’Economie géing och weider vun „equilibréierte Choixe vun der Regierung an der Lutte géint d’Pandemie profitéieren“, sou de Ministère.