
Wien zu Randschelt ënnerwee ass, deem dierft de Musée Thillenvogtei relativ séier an d’A stiechen. Dat ass och net wierklech verwonnerlech, well vill méi Gebaier gëtt et an deem klengen Duerf an der Gemeng Wal nämlech net. Nach eng Kierch, dat fréiert Paschtoueschhaus an ee klenge Bistro, dat ass alles. Op d’mannst um Pabeier huet d’Duerf een Awunner, ma am Fong ass Randschelt éischter eng Zort Fräiliichtmusée wéi eng richteg Uertschaft. An Deel vun deem Musée ass eben och d’Thillenvogtei, an där een de Visiteuren d’Liewensweis am ländleche Raum ëm d’Joer 1900 méi no bréngt. D’Geschicht vum Musée reecht bis 1991 zeréck, wéi de Jean Ney decidéiert hat, seng Sammlung vu Géigestänn aus der Zäit ëm 1900 dem Public zougänglech ze maachen. Dat am Ufank nach op engem Haff zu Wal. 2014 ass de Musée an de Bauerenhaff Grisius zu Randschelt geplënnert an dem Jean Ney seng Duechter Elisabeth huet d’Leedung iwwerholl.
Ma d’Euphorie vum Ufank huet am Laf vun de Joren nogelooss an d’Elisabeth Ney huet sech eng aner Aarbecht gesicht, och wa si dem Musée iwwert d’Vereenegung “Frënn vum Musée Thillenvogtei” verbonne bliwwen ass. Kritesch huet d’Famill Ney iwwert d’Joren déi aus hirer Siicht ze niddreg finanziell Ënnerstëtzung duerch de Kulturministère gesinn a sech iergendwann dozou entscheet, d’Gebai ze verkafen. D’Gemeng Wal war dobäi den éischten Uspriechpartner. De Start vun deene Gespréicher war Ufank 2021 a bis haut si se nach net ganz ofgeschloss. Ma am Dezember 2022 ass ee sech awer prinzipiell eens ginn, wéi d’Buergermeeschtesch Christiane Thommes-Bach op Nofro hi confirméiert huet. Et wier een “um gudde Wee”, ma lescht Detailer bleiwen nach ze klären an de Compromis ass nach net ënnerschriwwen. Dat kéint vläicht Enn des Mounts no engem weideren Treffe mat der Famill Ney de Fall sinn.
Staat leet d’Hallschent vum Kafpräis bäi
D’Gespréicher zéie sech scho sou laang, well d’Gemeng Wal sech de Kaf vum fréiere Bauerenhaff eleng net leeschte kann an net kloer war, ob de Staat sech finanziell bedeelege géing. Mëttlerweil gouf awer am Regierungsrot ugeholl, datt de Staat 50 Prozent bäileet. Zanter 2020 gëtt de Musée vun der “association Musée Thillenvogtei Randschelt” geréiert. Finanziell ënnerstëtzt gi si nach bis Enn des Joers vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte, ma esoubal de Kaf duerch d’Gemeng duerch ass, wäert eng Konventioun mam Kulturministère ausgeschafft ginn, wéi den André Kirsch, President vun der “association Musée Thillenvogtei Randschelt” erkläert. Vun deem Moment u wier een net méi an deem Mooss op d’Hëllef vun der Oeuvre ugewisen an et kéint een éischter punktuell zesummeschaffen.
Aktuell ass een dermat amgaangen, déi vill historesch Kleeder, déi d’Famill Ney am Laf vun der Zäit zesummegedroen huet, vun hirem Haff zu Wal, wou se bis ewell ënnerbruecht waren, an ee Sall an der aler Primärschoul zu Gréiwels ze plënneren. D’Raimlechkeete gi vun der Gemeng Wal zur Verfügung gestallt. Am Musée selwer ass den Ament keng Plaz, fir déi ëmfangräich Sammlung Ënnerdaach ze kréien.
De Kaf vun der Thillenvogtei duerch d’Gemeng ass dem Christiane Thommes-Bach no wichteg, fir de Projet Randschelt ze schützen. D’Duerf ass als Site protégé klasséiert a läit komplett an enger Gréngzone. Dat fréiert Paschtoueschhaus gëtt zu engem Gîte touristique ëmgebaut. De klenge Bistro läit direkt vis-à-vis vun der Thillenvogtei a gehéiert och der Famill Ney. D’Gemeng lount d’Gebai per Bail emphytéotique fir 30 Joer a verlount et hirersäits un déi aktuell Bedreiwer. Obwuel zu Randschelt kee Mënsch wunnt, ass d’Duerf ënnert anerem fir säin Adventsmaart bekannt, deen all Joer méi Leit unzitt wéi a munch gréisseren Uertschaften.