Wéi d’Police op Nofro confirméiert, hat et hei an engem Appartement gebrannt. Éischten Informatiounen no wier keen eeschthaft blesséiert ginn. Fënnef Persoune wieren awer wéinst dem Verdacht op eng méiglech Dampvergëftung fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht ginn.