Läschaarbechten an der Rue d'AudunE puer Stroosse wéinst gréisserem Brand zu Esch gespaart

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt e Sonndeg den Owend Stroossespärunge wéinst engem gréissere Brand an der Rue d'Audun zu Esch-Uelzecht.
© Laurent Weber

Wéinst de Läschaarbechte vun de Pompjeeën gouf deemno de Boulevard Prince Henri bis bei d'Kräizung mat der Rue Zénon Bernard fir den Trafic gespaart, grad ewéi d'Rue d'Audun.

Entspriechend Deviatioune goufen opgeriicht.

D'Police freet d'Leit, d'Géigend wäitraimeg z'ëmfueren.

Back to Top
CIM LOGO