De Robert Philippart ka Stonnen erzielen, wéi sech d’Gare mat de Joerzéngt verwandelt huet. D’Biller vun haut, vun eidele Geschäfter sinn u sech Zeechen, dat de Quartier en Déifpunkt erlief. Den Tram, deen hei zanter Dezember 2020 nees fiert, sollt neit Liewe bréngen. D’Betounung läit hei op “sollt”.
Anescht war et deemools op Biller vun 1910, wou och schonn en Tram duerch d’Nei Avenue gefuer ass. Fir d’Geschäftsleit, déi mat der Eisebunn ukoumen, an d’Stad ze bréngen. Et waren der souvill, datt et 1929 am Ganze 17 Hoteller mat 978 Zëmmer ronderëm d’Gare gouf.
Eent vun den historesche Geschäfter am Quartier ass ouni Zweiwel d’Maison Lessure, déi zanter iwwer 100 Joer op der Gare ass. Ugefaangen huet hei alles mam Verkaf vu Stoff. Där Geschäfter gouf et der eng Sëllegen. Ma an de 70er an 80er Joren ass d’Nofro dofir uerdentlech agebrach.
Den Historiker hält zeréck, dat u sech och d’Wéi vum Cactus op der Gare läit, mam Self-Service vum Josy Leesch. Iwwerdeems e puer Meter méi erof, do wou spéider den Nobilis war, d’Famille Jacquemart Marber fir Griewer bis op Paräis, op de Père la Chaise exportéiert huet. Vis-à-vis stoung wärend Joerzéngte vun 1957 bis 2006 de Monopol.
Op der Paräisser Platz erzielt de Robert Philippart, dat grad hei mam Burgerrestaurant Wimpy 1968 eng vun den éischten internationale Franchisen hir Dieren opgemaach huet... An dat net duerch Zoufall direkt nieft dem Fieldgen.
De Passage “am ale Wort” erënnert drun, dat d’Zeitung wärend iwwer 70 Joer am Garer Quartier gedréckt gouf.
D’Stater Gare ass ee Quartier, an deem ganz Kapitel vun der Lëtzebuerger Geschicht geschriwwe goufen. Dee Besseres verdéngt huet wéi dat, wat haut aus em gouf.