A1 Richtung TréierEe Blesséierte bei Kollisioun tëscht zwee Autoen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet et op der Tréierer Autobunn tëscht zwee Autoe gerabbelt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.
Symbolbild vun enger Brëtsch an enger Ambulanz
Symbolbild vun enger Brëtsch an enger Ambulanz
© Laurent Weber

Wéi de CGDIS e Mëttwoch de Moien a sengem Bulletin schreift, koum et en Dënschdeg den Owend zu engem Accident op der A1 a Richtung Tréier. Géint 19.17 Auer waren deemno zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf bei der Kollisioun blesséiert a vun den Ambulanciere vu Mäertert versuergt. Donieft waren d’Pompjeeë vu Fluessweiler a Menster um Asaz.

Back to Top
CIM LOGO