Vum Parquet ordonnéiert AlkoholskontrollEe Permis gouf um Potaschbierg respektiv zu Mäertert agezunn

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war eng gréisser Alkoholkontroll am Oste vum Land.
Archivbild vun enger Policekontroll.
© Christophe Hochard

Ugefaangen haten d'Ekippe vum der Police um 21 Auer um Potaschbierg, wou si hir Zelter eng Stonn méi spéit ofgebrach hunn. Um 22:45 Auer goung et dann nees fir eng Stonn zu Mäertert weider. Dobäi goufen 188 Automobiliste kontrolléiert a sechs vun hinnen haten ze déif an d'Glas gekuckt. Fënnef koume mat engem Procès verbal dovun an engem Fall huet de Chauffer awer säi Permis missten doloossen.

Bei dëser Kontroll goufen donieft nach 13 aner Verstéiss géint de Code de la route festgestallt.

Back to Top
CIM LOGO