
An der Avenue Grand-Duc Jean zu Kapellen gouf e Samschdeg am Nomëtteg eng eeler Fra vun zwee onbekannte Männer beduckst, déi un hirer Hausdier geschellt hunn. Si hunn hier een "offiziellt Dokument" ënnert d'Nues gehalen, wat awer keent war. Wärend ee vun deenen zwee Männer d'Fra ofgelenkt huet, huet deen anere sech an d'Haus geschlach an huet an der Schlofkummer eng Bijouskëscht matgoe gelooss. Déi zwee Männer hu sech duerno aus dem Stëbs gemaach.
Zu Schengen gouf an der Wäistrooss dann nach an ee Restaurant agebrach. Si waren iwwert eng Fënsterdier op der Terass erakomm. Bannenan hu si eng weider Dier opgebrach an d'Bürosräim duerchsicht.
E Sonndeg gouf an d'Kellere vun engem Appartementsgebai an der Rue Sigefroi zu Mamer agebrach. Ënnert anerem een Handy gouf geklaut. Zu Konter goufen dann nach Bijouen an aner perséinlech Géigestänn aus engem Haus geklaut.
An der Rue du Chemin de Fer zu Bierchem gouf e Sonndeg dann nach géint 13 Auer een Abroch op ee Chantier gemellt. E Mann gouf vu Chantiersaarbechter dobäi observéiert, wéi hien eng Rei Kofferkabelen a säi Rucksak gestoppt huet an duerno a Richtung Gare fortgaangen ass. De Verdächtege konnt kuerz Zäit drop vun engem Beamten opgegraff ginn. D'Kabelen a sengem Rucksak goufe séchergestallt.