Coronavirus zu LëtzebuergEen Doudesaffer méi op 118, vun 1.024 Tester waren 9 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, op 118 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 9 positiv geteste Patienten, 7 vun hinne si Residenten. Dat fir den 2. August. Et goufen 1.024 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 6.864 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 597.377 Tester gemaach.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO