CIS-ËlwenEen Zelt amplaz eng Kasär fir d'Pompjeeën

Marc Hoscheid
Am Fong sollt de Provisorium net esou laang daueren, mee en Cours de route hunn d'Pläng fir eng nei Kasär geännert. Elo waart een op den Ëmweltministère.
© Marc Hoscheid

E bëssi verstoppt steet d’Zelt am Haff hannert deem eigentleche Centre de secours an der Rue de Wilwerdange zu Ëlwen. Well an deem Gebai awer just Plaz fir d’Ambulanzen ass an d’Gemeng, déi Hal, déi d’Pompjeeë sech bis dohi mam Gemengenatelier gedeelt haten, ganz fir hir eege Servicer notze wollt, gouf Ufank 2021 ee Provisorium gebraucht. Am Fong sollt eng nei Kasär hannert deem ronn 25 Joer ale Gebai gebaut ginn, mee op eemol koum een anere Site an d’Spill, wéi de Buergermeeschter Edy Mertens erkläert.

CIS-Ëlwen: Een Zelt amplaz eng Kasär fir d’Pompjeeën (Rep. vum Marc Hoscheid)

“Dat ass alles geneemegt gewiescht vun den Autoritéiten, och vum CGDIS aus. An dunn hu mer dunn awer een neien Terrain entdeckt, wou mer dann d’Iddi haten, sollt der et net awer léiwer uewen an der Industriezon maachen, laanscht d’N12. Laanscht d’Strooss wou den Accès vill méi einfach wier wéi do, wou mer lo da gebaut hätten.”

Deen Terrain gehéiert dem interkommunale Syndikat SICLER, dee sech fir d’Promotioun vum Kanton Clierf asetzt. Allerdéngs läit de Site an enger Gréngzon a muss fir d’éischt ëmklasséiert ginn. Den Dossier läit aktuell beim Ëmweltministère. Déi meeschten Etudë wiere scho gemaach. No engem Gespréich mat der viregter Ëmweltministesch Joëlle Welfring ass de Gemengepapp optimistesch, datt et keng Problemer dierfte ginn.

“Dat war eng mëndlech Affär wou ech mat der Madamm Welfring geschwat hunn. Si huet awer gesot, wann ech gesinn, wéi wichteg datt dat awer ass, Éischtens. Zweetens, de CGDIS ganz drop aus ass an eis och versprach huet, datt den Zenter Ëlwen géif bestoe bleiwen. Si huet do awer keng weider Schwieregkeete gesinn. A wann Der gesitt, wou den Terrain läit, wier et och bal net ze erklären, wat d’Schwieregkeet géing maachen, well et läit direkt fest un der Industriezon, un där neier, där erweiderter.”

Wann d’Geneemegung bis do ass, kéint een zimmlech séier ufänke mat bauen. Am Abrëll, Mee soll nämlech deen neie PAG definitiv ugeholl ginn. Wat mat där aler Kasär geschitt, wann deen neie Site bis operationell ass, ass nach net gewosst.

© Marc Hoscheid

Dem Edy Mertens no wéilt een d’Gebai awer net ofrappen.

Back to Top
CIM LOGO