Pôle d'échange HouwaldEenegung oder Enteegnung?

Marc Hoscheid
De geplangte Pôle d'échange um Houwald léisst zanter Joren op sech waarden. Aktuell lafe Gespréicher tëscht dem Staat an engem Immobiliëfong.
© Domingos Oliveira

2023 soll den Tram bis op den Houwald fueren an do ee Pôle d’échange mat Zuch a Bus entstoen. Datt dat awer net an där ursprénglech geplangter Form passéiere wäert, hat de François Bausch, Minister fir Transport an ëffentlech Bauten, schonn 2020 annoncéiert. Am Fong hätt d’Bréck, déi aktuell iwwert d’Zuchlinn gebaut gëtt, breet genuch sollen ausfalen, datt och een Zougank fir d’Busser amenagéiert ka ginn. Dem Staat feelt allerdéngs een dofir benéidegt Grondstéck. Et geet ëm een 1,15 Hektar groussen Terrain an der Rue des Scillas, wou fréier d’Firma Munhowen Aktivitéiten hat an deen am Besëtz vum Immobiliëfong Olos ass. Bis elo ass ee sech mam Olos Fund awer och no jorelaange Verhandlungen nach ëmmer net eens ginn. De Fong gehéiert dem Flavio Becca an dem Eric Lux. Déi zwee Geschäftsleit hu sech virun enger Partie Joren zerstridden a féieren zanterhier ëmmer rëm juristesch Ausernanersetzunge mateneen.

Dëse Konflikt ass awer souwuel dem Porte-parole vum Flavio Becca wéi och dem Pressespriecher vum Eric Lux no net de Grond fir déi festgefuere Situatioun ronderëm den Terrain an der Rue des Scillas. Aus dem Ëmfeld vum Eric Lux heescht et, hie wier absolut favorabel vis-à-vis vum Tram agestallt, well dësen ënnert anerem gutt fir déi weider Entwécklung vum Houwalder Quartier wier. Den Eric Lux géing sech op alle Fall freeën, wann den Terrain un de Staat verkaaft gëtt. Op dem Flavio Becca senger Säit äussert ee sech zwar net sou euphoresch iwwert den Tram, et schwätzt ee sech awer och net géint ee Verkaf vum Terrain un de Staat aus. D’Gespréicher géinge lafen an iert se ofgeschloss sinn, wéilt ee sech net weider äusseren.

Maître Baden seet näischt, Transportministère net vill

Béid Säite verweisen allerdéngs dorop, datt weder de Flavio Becca nach den Eric Lux eng Decisioun huele kënnen. Well sech de Flavio Becca an den Eric Lux net iwwert d’Proprietéitsverhältnesser beim Olos Fund eens sinn, gëtt dësen zanter Längerem vum Maître Yann Baden geréiert, deen dowéinst och fir eng eventuell Vente vum Terrain zoustänneg wier. Ma de Yann Baden huet net op d’Fro reagéiert, wéi d’Gespréicher mam Staat lafen. Vill méi gespréicheg weist ee sech och am Transportministère net. Vum François Bausch heescht et just, datt een a konstruktive Gespréicher an hien optimistesch wier, datt dës an den nächste Méint op ee positiivt Enn komme kéinten.

Et géing ee probéieren, sech aussergeriichtlech ze eenegen. Déi Prezisioun ass net onwichteg, well wéinst dem Terrain an der Rue des Scillas eng Enteegnungsprozedur géint den Olos Fund leeft. Dës ass awer net esou einfach, well sech de Flavio Becca an den Eric Lux ebe selwer net doriwwer eens sinn, wiem wéi vill vum Immobiliëfong gehéiert. Mee och onofhängeg vun dësen Differenzen daueren Enteegnungen zu Lëtzebuerg deelweis extrem laang, wéi d’Beispill vum fréiere Bypass Helleng weist. Mee wann d’Gespréicher sou gutt lafe wéi ugedeit, dierft d’Prozedur fréier oder spéider souwisou hifälleg ginn.

Back to Top
CIM LOGO