Camion 24 Stonnen "als Geisel geholl"Eidel Regaler a verschiddene Supermarchéen am Land

David Winter
Wien déi lescht 1-2 Deeg akafe gaangen ass, huet deelweis eventuell gestaunt, dass verschidde Liewensmëttel net méi ze kréie sinn...
© Romain Ney

Virun allem wien déi lescht Deeg frëscht Geméis, Uebst oder Mëllechproduite wollt hunn, huet riskéiert mat eidelen Hänn de Supermarché nees ze verloossen. Grond dofir sinn déi grouss Baueremanifestatiounen, déi virun allem am Ausland zënter Deeg de Verkéier op groussen Achse blockéieren.

Discounteren am stäerkste betraff zu Lëtzebuerg

Staark betraff sinn déi grouss Discounteren zu Lëtzebuerg. De Julien Wathieu, Porte-Parole vu Lidl huet confirméiert, dass et deelweis zu groussen Ausfäll bei de frësche Liewensmëttel an hire Geschäfter géif kommen. Vu dass och d’Filialen zu Lëtzebuerg säitens dem Distributiounszenter an der Belsch beliwwert ginn, ass och de Grand-Duché betraff. Mam Resultat, dass d’Regaler, an deenen normalerweis Uebst, Geméis oder Mëllechproduite leien, déi lescht Deeg plazeweis komplett eidel waren.

© RTL

De Julien Wathieu schwätzt am RTL-Interview vun enger “komplizéierter Situatioun”, et wier een am Dialog mat de Baueren an der Belsch, dat zënter en Dënschdeg, also zanterdeem d’Baueren aktiv an der Belsch ugefaangen hunn, d’Stroossen ze blockéieren a sou d’Camione vun hire Liwwerungen ofhalen. Et hofft een elo sou séier wéi méiglech eng Solutioun ze fannen, fir dass d’Liewensmëttel nees an de Geschäfter ukommen.

Camion vu Provençale gouf fir 24 Stonne festgehalen, Cactus manner vum Streik betraff

Ënnert anerem hu mer och d’Provençale kontaktéiert. Hei hu mer mam George Eischen geschwat, dee sech déi lescht Deeg genee mat sou engem Blockage vun engem vun hire Camione beschäftegt huet. Et geet hei ëm e Camion, deen e Mëttwoch de Moien zu Neufchâteau an an der Belsch, ronn 15 Kilometer Loftlinn vu Lëtzebuerger Grenz, vun de Baueren, déi d’Stroosse blockéiert hunn, festgehale gouf. De Chauffeur vum Camion hätt ee missen op d’Plaz siche fueren, de Camion mat de Liewensmëttel dran huet misste stoe bleiwen, dat och no Verhandlunge mat de Baueren, heescht et weider.

De George Eischen, deen d’Situatioun virsiichteg als “sportlech” beschreift, schwätzt an hirem Fall reegelrecht vun enger “Geiselnam” vun hirem Camion, deen eréischt 24 Stonnen dono, also en Donneschdeg de Moien, nees fuere gelooss gouf.

E groussen Deel vun de Liewensmëttel, ronn d’Hallschent, huet een onglécklecherweis missten ewechgeheien, wéi de Camion schlussendlech en Dag dono op senger eigentlecher Destinatioun ukomm ass. Et gouf probéiert mat de Baueren an der Belsch ze diskutéieren, ma et wier schwiereg, bis onméiglech gewiescht, op e gemeinsame Nenner ze kommen, de Camion huet misste stoe bleiwen.

Déi eenzeg Léisung, déi hei bleift, esou de George Eischen weider, wier ze probéieren, déi nächst Deeg a Wochen déi blockéiert Strecken z’evitéieren an d’Maniffen elo déi nächst Deeg z’ëmfueren, fir am beschten net méi an esou eng Situatioun ze kommen. D’Ausfäll vun der leschter Liwwerung mussen elo natierlech säitens dem Lëtzebuerger Grousshändler kompenséiert ginn, fir d’Clienten awer kënnen ze beliwweren.

Bei Cactus an Auchan ginn et deels Retarden, ma keng Auswierkungen op de Client

Op Nofro beim Cactus krute mir dogéint confirméiert, dass et zwar am Zesummenhang mat de Bauereprotester viru ronn enger Woch zu Retarde beim Uebst a Geméis komm ass, et also spierbar Repercussioune goufen, ma dass d’Regaler awer zu kengem Moment eidel waren. Hei huet et sech maximal ëm e Retard vun engem Dag gehandelt, dee sech an de Geschäfter zu Lëtzebuerg awer net beim Client bemierkbar gemaach hätt. Grond dofir ass, dass den Distributiounszenter zu Lëtzebuerg ass, d’Baueremaniffe si bis ewell manner hei am Land ze spieren.

Dëst, esou Cactus RTL géigeniwwer, wier och ee vun den Avantagë wärend der Covid-Kris gewiescht, vue dass een och hei manner ofhängeg vun auslänneschen Distributeure gewiescht war.

Änlech ass d’Situatioun am Auchan, déi hir Distributioun jo a Frankräich hunn. Och hei krute mer säitens de Responsabele vun der Chaîne matgedeelt, dass et eng Partie Retarden a souguer Ausfäll gouf, ma dass et awer keen Impakt fir d’Cliente gouf. Et hätt ee sech an de leschten Deeg och méi flexibel misste weisen, fir Liwwerungen och ausserhalb vun den normalen Zäitfënsteren z’akzeptéieren.

Aus der Siicht vun Auchan dierft de Problem eréischt geléist sinn, wann et d’Verhandlungen tëscht de Baueren an der EU op en Enn kommen.

Back to Top
CIM LOGO