Gutt informéiert an d'neit JoerEis Réckblécker um PLAY an den Neijoerschinterview als PODCAST

Luc Marteling
D'Streaming-Plattform vun RTL hëlleft Iech derbäi, den Iwwerbléck ze behalen.

De Logement an d’Santé, d’Kricher an d’KI, natierlech den Trounwiessel an de perturbéierte Sozialdialog an och e Gedanken un all déi Prominent, national wéi international, déi eis 2025 verlooss hunn.

An de leschte Wochen hu mir dat vergaangent Joer fir Iech thematesch Revue passéiere gelooss, op der Tëlee an op RTL.lu. Sämtlech Réckblécker fannt Dir elo och op der RTL-Streaming-Plattform RTL PLAY. Op der Homepage oder direkt an der Rubrik Réckbléck.

Eis Resuméë sinn eng 3 bis maximal 6 Minutte laang an erlaben Iech et, sech bannent kierzter Zäit an engem Domaine op den aktuellste Stand ze bréngen – ob Defense, Regierungskoalitioun, Noost-Konflikt oder Meteo. Wéi sot ewell den englesche Philosoph Francis Bacon, hei liicht gekierzt: “Wëssen ass Muecht.”

A fir datt Dir beschtméiglech informéiert an d’Joer 2026 kënnt starten, kënnt Dir den Neijoerschinterview vum Caroline Mart mam Premierminister Luc Frieden elo och lauschteren. Den Interview, dee ronn annerhallef Stonn dauert an op groussen Interessi gestouss ass, konnt ee bis elo op RTL PLAY “just” kucken; hei de Link op den Artikel mam Replay a mat Text, Fotoen a Commentairen: “Mäin Zil ass et, d’Saache besser ze maachen”.

Elo kënnt Dir de Premier, wann Dir wëllt, och “just” lauschteren: Um PLAY ass en als Video oder als Audio disponibel. Op Wonsch vun enger Partie Leit hu mir den Neijoerschinterview zousätzlech an d’Podcast-Rubrik Kloertext (och mam Caroline Mart) geréckelt, fir d’Gespréich eeben och ganz bequeem als Audio-Podcast zur Verfügung ze stellen (hei den direkte Link).

Mir freeën eis iwwert Ären Interessi a wënschen nach emol e gudden a gutt informéierte Joresufank.


Hei nach emol den Neijoerschinterview mam Premier am Text, Toun a Video:

Back to Top
CIM LOGO