
Den Audit, deen den Innen- an Immigratiounsminister Léon Gloden wéinst der Affär vu frauduléiser Immigratioun bestallt hat, soll no Allerhellege kënne virgestallt ginn. Dat sot de Minister e Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun. Do hat hien awer net op all Froe vun den Deputéiert eng Äntwert.
Zum Beispill, wéi vill Autorisations de séjour ausgestallt goufen, ouni Avis vun der consultativer Kommissioun. Déi Statistiken huet d'Direktioun net gefouert. Respektiv, wéi dacks eng ausgestallt gouf, obschonns et en negativen Avis vun der Kommissioun gouf. Dem Jean-Paul Reiter no, dem Direkter vun der Immigratioun, krut d'Justiz d'Informatiounen awer:
"Mir hu keng Statistiken doriwwer gemaach. Mir hunn allerdéngs alleguerten déi Dossieren, wou et eis opgefall ass, dass se hätte missen duerch d'Kommissioun goen a visiblement laanscht d’Kommissioun geschleist goufen – oder voilà, dat kann een expriméieren, wéi ee wëll – dat hu mer alles den Enquêteure signaléiert. Op engem ganzen Tablo. Nee, dat kann ech awer elo wierklech net soen."
Vun der Enquête sinn am Ganze ronn 230 Dossiere viséiert, vu Salariéen aus Drëttstaaten, déi eng Openthaltsgeneemegung kruten. Bis op e Grapp voll si se all aus der Zäit, ier d'Instruktioun ugoung.
De gréngen Deputéierte Meris Sehovic huet awer no der Reunioun gemengt, et wier interessant, op wéi engen Punkten ee keng Äntwerte kritt hätt:
"Haut wësse mer, dass bei enger Rei vun Dossieren déi Commission consultative net zesummekomm ass, obwuel d'Gesetz dat explizitt virgesäit. Dat heescht, mir gesinn hei, dass et offensichtlech iwwer Joren an der Prozedur Problemer gouf, wou einfach d'Gesetz net respektéiert ginn ass. Do ass et fir mech schwéier ze gleewen, dass dat eréischt opgefall ass no enger Denonciatioun beim Parquet. Dat sinn eigentlech Saachen, déi ee bei all Dossier ëmmer erëm misst nei constatéieren, well wann een deen Dossier opmécht, do eng Pièce feelt, déi awer laut Gesetz obligatoresch ass an deem Dossier."
Eng aner Doleance vun der Oppositioun war, datt just de Léon Gloden en Audit vu sengem Service maache léisst. An aner Administratiounen net gekuckt ginn, esou den Dan Biancalana vun der LSAP:
"Well et gouf jo och do Schwaachstelle festgestallt, och wa se de moindre envergure wären. Mee mat deenen Informatiounen, déi de Moment zu eiser Dispositioun stinn, menge mer ganz kloer, dass hei méi e gréisseren Audit misst gemaach ginn, fir dat besser kënnen ze erfaassen. An ech mengen, hei krute mer ganz kloer d'Äntwert, dass de Minister sech op säi Ministère deementspriechend beschränkt. Dat fanne mer schued, fir déi ganz Envergure kënnen ze erfaassen um administrative Plang um Niveau vun de Prozeduren."
De Léon Gloden sot e Mëttwoch, hien hätt antëscht déi anonymiséiert Jugements sur accords kritt, déi am Summer gefall waren. Doraus geet ënnert anerem ervir, datt et schonn 2019 Denonciatioune géint den Haaptverdächtegen an aner Verdächteger gouf – also Joren, ier d'Instruktioun wéinst der Denonciatioun aus der Immigratioun opgoung. 2019 koum dat iwwert den Inneministère an de Justizministère bei de Parquet. Schonn deemools war de Virworf, "Faux, usage de faux, Corruption, Trafic d’influence, Escroquerie à subvention a Blanchiment."
Dat hat de Léon Gloden e Mëttwoch an den iwwer 100 Säite laange Jugementer nach net entdeckt: "Ech hunn haaptsächlech de leschten Deel gelies, wou d'Analys gemaach gëtt, mir kucken dat elo a Rou, mee 2019 war ech nach net do, wou ech elo sinn."
Huet hien, zanter datt hien do ass, also Minister ass, de Beamte vum Service fir d'Openthaltsgeneemegunge fir Salariéen aus Drëttstaate gesot, se solle kucken, datt en Dossier viru geet?
"Ech mengen, mir gi vill kontaktéiert. Ech gi kontaktéiert vun Entreprisen, wéi aner Ministeren, och vun Deputéierten, déi nofroen, wou ass deen Dossier do drun? An da ginn ech déi Info virun an da soen ech, kuckt no, wou deen Dossier drun ass."
Ma nofroen, wou en Dossier drun ass, ass nach eppes anescht, wéi ze soen, "kuck, datt e viru geet".
"Ech mengen, mir hu Prozeduren an d'Beamte schaffen no deene Prozeduren." Och dat war keng Äntwert op d'Fro. Ma de Minister sot schliisslech:
"Ech hu kengem gesot, gëff e Refus oder en Accord. Mir sinn e Servicebetrib, wann eng Entreprise bei eis nofreet, wou ass den Dossier drun? Mir waarden op eng Decisioun, wéi gesot, dat kann e Betrib sinn, dat kann en Deputéierte sinn, déi och jo kontaktéiert gi vun de Leit a wann da gesot gëtt, d'Konditioune sinn erfëllt, da gëtt den Accord. A wann d'Konditiounen net erfëllt sinn, gëtt et e Refus."
De Léon Gloden ass iwwregens dofir, datt de Staat sech Partie civile mécht an der Instruktioun – dann hätt en Zougank zum Dossier – mee dat misst nach am Regierungsrot diskutéiert ginn.