Léiwer géife se hiert Material ëmmer am Schapp stoe loossen, ma wann et awer drop ukënnt, kann déi mobil Satellittenantenn vun emergency.lu fir eng dréngend noutwenneg Kommunikatioun op der Plaz garantéieren. Sou wéi grad elo nom katastrophalen Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien.
35 mobil Satellittenantennen huet Emergency.lu den Ament. Dovunner sinn eng ganz Partie op Laangzäitmissiounen, wéi zum Beispill an Zentralafrika, dem Tchad, Syrien, Venezuela, Niger, Tonga an an der Ukrain. Dernieft sinn der awer och ëmmer e puer am Depot, déi esou direkt an den Asaz kënne kommen, wann eng humanitär Katastroph geschitt ass, wéi déi aktuell an der Tierkei an a Syrien. Et hätt een nämlech iwwert d‘Jore bei groussen Hëllefsasätz gemierkt, dass d‘Connectivitéit no enger Katastroph essentiel wier, fir d‘Koordinatioun op der Plaz.
A genee dat war och d‘Iddi hannert emergency.lu, deen et zanter 2012 gëtt an deen elo schonn op iwwer 20 Missiounen am Ausland iwwert d‘Joren am Asaz war.
De Gilles Hoffmann, Responsabelen vum Projet erkläert: “2010 nom Äerdbiewen op Haiti, do hat Lëtzebuerg senger Zäit eng ‘Search an d’ Rescue'-Ekipp dohinner geschéckt mat Hënn a wou déi zeréckkomm sinn vun Haiti, hu si amfong rapportéiert, dass d‘Koordinatioun vun den Efforten net immens gutt war, well guer keng Kommunikatiounsmoyene méi do waren. D‘Äerdbiewen op Haiti huet déi ganz Kommunikatiounsinfrastruktur zerstéiert an d‘Hëllefsagencë konnten amfong net ënnertenee kommunizéieren an och net mat hiren Headquarters. An deemools huet d‘Lëtzebuerger Regierung dann decidéiert, fir dann ze kucke mat Partner vum privat Secteur, déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn, eng Solutioun ze developpéieren, fir kënne Kommunikatiounsservicer no Katastrophen an och an aneren humanitäre Krisen zur Verfügung ze stellen.“
Siwe Këschten ënner 35 Kilo brauch et, fir déi ganz Antenn a Wallissen ze paken. Dat war bei der Entwécklung e wichtegen Punkt, fir dass een d‘Gepäck um Flughafen normal kéint anchecken an net iwwert e Cargo-Fliger muss fueren. Nëmmen eng Stonn brauch et, bis alles installéiert ass, ma ganz dacks bréichten Ekippen awer e bëssen Zäit bis se bei hirer Destinatioun ukomm sinn. Wouhinner se ginn, dat hänkt vun der Nofro of. Well d‘Antenne vun emergency.lu gi just op d‘Demande vun internationalen Hëllefsorganisatiounen oder vun humanitäre Katastrophe betraffene Regierunge op d’Plaz geschéckt ginn.
Dobäi kënnen net nëmmen d‘Hëllefsorganisatiounen Accès op WiFi kréien, ma och d‘Populatioun kritt d‘Moyenen, fir mateneen kënnen ze kommunizéieren. Dat Ganzt gëtt ënnerstëtzt mam Budget vun der humanitärer Hëllef vum Lëtzebuerger Staat. D’Material eleng geet awer net duer, mä et brauch och Leit, déi d‘Antenn op der Plaz opriichten an kontrolléieren kënnen. An do kënnt d‘Ekipp HIT (Humanitarian Intervention Team) vum CGDIS an d‘Spill. Hei gi Volontairen ausgebilt, fir op der Plaz d’Antenn kënnen opzeriichten an ze manövréieren.