E Beweis datt d’Sécherheet vum Konsument grouss geschriwwe gëtt?Ëmmer méi Liewensmëttel ginn zeréckgeruff

Dany Rasqué
Marlène Clement
D'Produiten, déi zeréckgeruff ginn, gi vu bis. D'selwecht ass et och bei de Marken, Mol sinn et méi bëlleger, Mol méi deierer.

Dës Woch war et Péiterséileg a Lënsenzalot, d'lescht Woch Krevetten, verschidden Zaloten a Kürbiskären. Reegelméisseg ginn zu Lëtzebuerg Liewensmëttel zeréckgeruff, entweder wéinst Friemkierper oder Bakterien, wéi E.coli oder Listerien. 2024 goufen et iwwer 200 där Réckriff. Wat bedeiten dat? Muss ee sech Suerge maachen oder sinn se d'Resultat vu strenge Kontrollen? Mir hu bei der ALVA, der Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung nogefrot.

Ëmmer méi Liewensmëttel ginn zeréckgeruff / Dany Rasqué

Déi gutt Noriicht ass, Suerge brauch ee sech keng ze maachen, seet de Jeremy Neves, dee bei der ALVA schafft: "Datt et méi Alerte gëtt, weist, datt d'Entreprisë ganz vill Kontrolle maachen an datt d'Autoritéiten och ganz vill Kontrolle maachen. Dat beweist, datt de System fir d'Sécherheet vum Konsument ze garantéieren, besser funktionéiert."

D'Produiten, déi zeréckgeruff ginn, gi vu bis. D'selwecht ass et och bei de Marken, Mol sinn et méi bëlleger, Mol méi deierer. Et gëtt keng Mark, déi viru Problemer geschützt ass. Et weist einfach, datt vill kontrolléiert gëtt esou de Jeremy Neves an dobäi kéint een ëmmer eppes fannen.Egal wat dat ass, d'ALVA géif eng potentiell Gefor fir de Konsument ëmmer ganz eescht huelen: "Sief et e Friemkierper, sief et mikrobiologesch, do probéiere mer ganz séier ze warnen. Fir keng onnéideg Panik ze maachen, d'Leit net ze beonrouegen, probéiere mer en Tri ze maachen, mat dem Niveau de vigilance a mir probéieren, d'Populatioun esou wäit z'informéieren, fir datt all Persoun déi de Produit kaaft huet, dat aus dem Schaf oder aus dem Frigo kann eraus huelen."

D'Konsumenten erreecht d'ALVA iwwert de Portail de la sécurité alimentaire. Dee fënnt een ënner securite-alimenaire.public.lu. "Do huet een d'Méiglechkeet iwwer d'Newsletter informéiert ze ginn. Do kann ee sech aschreiwen an da kritt een Alerten via Email geschéckt. Dann hu mer awer och d'Méiglechkeet, via LU Alert dës Informatioun erauszeginn."

An d'Informatiounen, wéi dës Woch d'Ecoli Bakterien um Péiterséileg oder Glasschierbelen an enger Lënsenzalot, ginn och un d'Press, fir datt esou vill wéi méiglech Mënsche kënnen erreecht ginn. D'ALVA betount och nach, datt net just d'Entreprisen, d'Produzenten an d'Autoritéiten Produite kënnen zeréckruffen. Och d'Konsumente kënne via Internet mellen, wann et e Problem mat engem Liewensmëttel gëtt.

Back to Top
CIM LOGO