Croix RougeEn haarde Wanter erwaart d'Leit an der Ukrain

Jeannot Ries
Op engem Ament, wou an der Haaptstad Kiew, sech d'Liewen ëmmer méi normaliséiert huet, bombardéieren d'Russe bewosst zivil Infrastrukturen.
En haarde Wanter erwaart d'Leit an der Ukrain
Op engem Ament, wou an der Haaptstad Kiew, sech d’Liewen ëmmer méi normaliséiert huet, bombardéieren d’Russe bewosst zivil Infrastrukturen.

An der Ukrain preparéiere sech d’Leit op en haarde Wanter. Op engem Ament, wou an der Haaptstad Kiew, sech d’Liewen ëmmer méi normaliséiert huet, bombardéieren d’Russe bewosst zivil Infrastrukturen. D’Versuergung mat Elektresch gëtt ëmmer méi delikat. Mat engem direkten Impakt op den Alldag vu Milliounen u Fraen, Kanner a Männer. An der Milliounen-Awunnerstad Charkiw, am Nord-Oste vun der Ukrain, ass e Sonndeg den Owend d’Stroumversuergung zesummegebrach. “Soss waren et 3-4 Stonnen den Dag. Elo ass et éischter bal de ganzen Dag. Et huet een nach e bëssen Elektresch Owes. Wat ech fäerten, ass einfach, datt iergendwann eng kéier souguer déi Leit, déi a Konditioune liewen, déi eenegermoossen Ok sinn, de Courage verléieren”, sou d’Myriam Jacoby vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.

D’Myriam Jacoby kënnt déi aktuell Situatioun an der Ukrain ganz gutt. D’Mataarbechterin vum Roude Kräiz ass praktesch all Dag a Kontakt mat lokale Kolleegen. Selwer nach virun engem Mount zu Kiew stellt si fest, datt ëmmer méi Familljen ouni Heizung, ouni richteg Méiglechkeet ze kachen, ouni waarm Waasser liewen.

“Ech fäerte ganz, wann do wierklech de Wanter kënnt, wou Minusgrade kommen, ënnert deene Konditioune ganz vill Leit, soen ech, dat awer schlussendlech net packen, an eebe forcéiert si Géigenden ze verloossen”, sou d’Myriam Jacoby weider.

D’Mataarbechterin vum Roude Kräiz fäert eng méiglech zweet Flüchtlingswell. Iwwer d’Grenzen eraus.

Zanter méi wéi 30 Joer an der Ukrain aktiv, schafft d’Lëtzebuerger Rout Kräiz am Kontext Krich zanter 2015 an de Regioune Charkiw, Donezk a Luhansk. Aktivitéiten, déi wärend de leschten 8 Méint, zesumme mam Belsche Roude Kräiz, ausgebaut goufen. Virop eeler Leit sinn dacks isoléiert, an Dierfer a Stied, direkt un der Front zeréck bliwwen. Si sinn op Hëllef ugewisen.

“Do denken ech un eis Volontaire vum ukrainesche Roude Kräiz, déi weider reegelméisseg bei déi eeler Dammen an Häre ginn an Iesswuere verdeelen. Hygiènes-Material verdeelen, Pampers. Well ganz oft déi Leit a Konditioune liewen, déi ganz ganz schwiereg sinn.”

Un den Neesopbau ass a ville Regiounen nach net ze denken. D’Rout Kräiz hëlleft virop wichteg ëffentlech Gebaier wéi Schoulen zu Sumska am Norden, oder och 5 Klinicken zu Irpin bei Kiew Wanterfest ze maachen. Méi kleng Schied u Fënsteren an Diech gi mat der Ënnerstëtzung vu lokalen Ekippe gefléckt. Wou et méiglech ass, gëtt och u privat Haiser Hand mat ugepaakt.

Eleng wärend de 6 éischte Méint vum Krich konnt d’Lëtzebuerger Rout Kräiz Hëllef am Wäert vu knapps enger Millioun Euro u Spenden aus Lëtzebuerg an d’Ukrain schécken. Eréischt den Ufank. Déi Responsabel vum ukrainesche Roude Kräiz ginn dervun aus, datt bis d’Fréijoer 250 Milliounen un Nouthëllef néideg sinn, fir Milliounen Ukrainer iwwer de Wanter ze begleeden.

Back to Top
CIM LOGO