
Dorënner e Motocyclist, dee géint 17.40 Auer op der A4 a Richtung Esch vun engem Auto ugestouss gouf an en Auto, dee kuerz virun 18 Auer op der Streck tëscht Duelem a Méideng an de Gruef gaangen ass. Heibäi gouf eng Persoun blesséiert.
Kuerz virun 19 Auer ass zu Iechternach an der Rue du Pont e Vëlosfuerer vun engem Auto ugestouss ginn. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Weider ass géint 21.20 Auer op der Streck tëscht Konsdref a Bech en Auto op d’Kopp gaangen, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. A kuerz no 23 Auer ass op der Streck tëscht dem Mariendall a Recken en Auto am Gruef gelant. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.