
Doropshin huet de Won sech iwwerschloen an ass widdert engem Bam un d'Hale komm. De Chauffer gouf am Auto ageklemmt an huet mussen erausgeschnidde ginn. E gouf schwéier blesséiert. Zwou aner Persounen, déi am Auto souzen, koume mat méi liichte Blessuren an d'Spidol.
D'Pompjeeë vu Keel an Esch waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanze vu Keel, Beetebuerg an Diddeleng, grad ewéi de Samu.
E Mëttwoch de Moien huet et op 2 Plazen am Land geknuppt. An der Stad an der Avenue John F. Kennedy krute sech am Rond-Point-Serra 2 Autoen ze paken. 1 Persoun gouf hei blesséiert.
1 Verwonnte mellt de CGDIS op der N4 zu Leideleng. Do ass eng Persoun a Richtung Cloche d'Or mam Quad gefall.