D'Police melltEng Rei Accidenter mat Farerflucht e Mëttwoch

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt direkt e puer Fäll vu Fahrerflucht bei Verkéiersaccidenter e Mëttwoch.
© Laurent Weber

Zu Hollerech war ee Chauffeur beim Parken an een anert Gefier gerannt a wier einfach fortgefuer, wéi d'Persoun aus dem beschiedegte Gefier erausgeklommen ass, fir d'Coordonnéeën auszetauschen.

Änlech Situatioun am Garer Quartier am Beräich vun der Kräizung tëschent der Rue de Reims an der Rue du Commerce. Éischten Erkenntnisser no wier een Automobilist an een aneren Auto gerannt an hätt dëse beschiedegt. Hie wier ouni stoen ze bleiwe weidergefuer.

D'Police erënnert an deem Kontext drun, datt een an esou Fäll ëmmer muss stoe bleiwen, fir sech ëm de Schued ze këmmeren. Wann een e Gefier beschiedegt, wou dee Moment kee Chauffer dra sëtzt, da soll een den Numm an d'Adress hannerloossen, respektiv et der Police mellen. Wie sech net dorunner hält, mécht sech strofbar.

Back to Top
CIM LOGO