D'Police melltEng Rei Chauffere bei Verkéierskontrollen an der Stad an zu Biissen gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien huet d'Police zu Bissen an der Rue du Fossé eng Verkéierskontroll gemaach - an der Strooss gëllt nämlech wéinst engem Chantier den Ament en allgemengt Fuerverbuet.
© Laurent Weber

Insgesamt goufe 36 Chauffere protokolléiert, well si d’Verbuetsschëld an der Rue du Fossé net respektéiert haten. A véier Fäll koumen dann nach Protokoller derbäi, well et Probleemer bei den Dokumenter - wéi zum Beispill der Steiervignette oder dem Fürerschäin - gouf.

En Dënschdeg huet d’Police tëscht 8 an 10 Auer an Zesummenaarbecht mat der Douane dann och nach eng Verkéierskontroll an der Stad gemaach, dat op der Héicht vum Salzhaff. Hei goufen 10 Chauffere protokolléiert, well hire Contrôle technique ofgelaf war. Véier weider Chauffere konnte kee gültege Fürerschäin an 12 keng gülteg Steiervignette presentéieren. Sechs Chauffere goufen iwwerdeems mam Handy um Steierrad erwëscht, a bei engem weidere Chauffer war den Auto net an der Rei.

Back to Top
CIM LOGO