Et geet dorëm, op Alkohol ze verzichten a sech esou iwwer säi Konsum bewosst ze ginn.
Chrëschtdag, Silvester, den Neijoerschpatt: An eiser Gesellschaft gehéiert Alkohol fir d’Gesellegkeet fir vill Leit zu de Fester dozou. Net jidderee kann awer domat ëmgoen. D’Weltgesondheetsorganisatioun geet dovunner aus, dass 20 Prozent vun de Leit an der Europäescher Unioun e problemateschen Alkoholkonsum hunn. Op Lëtzebuerg erofgerechent wieren dat eng 30.000 Leit, seet d’Psychologin a Co-Presidentin vum Suchtverband, d’Ute Heinz. “Just well et e legaalt Suchtmëttel ass, heescht dat net, dass et manner schiedlech ass”, betount si. De Suchtverband regroupéiert divers Associatiounen, déi sech mam Thema Ofhängegkeet befaassen. Dëst Joer gouf fir d’éischt Kéier den «Dréchene Januar» an d’Liewe geruff. «D’Leit sollen sech hirem Alkoholkonsum bewosst ginn. An eventuell och déi positiv Nieweneffete kenneléieren, déi e Verzicht ka mat sech bréngen», seet d’Psychologin a Psychotherapeutin. Dozou zielen dacks e bessere Schlof, eng besser Konzentratioun a Fitness, souwéi eng méi gesond Haut. Generell, eng besser Gesondheet.
Wisou esou eng Challenge fir vill Leit awer ka schwiereg sinn, och wa se elo net direkt un enger Alkoholofhängegkeet géinge leiden, wier dacks e gewëssen gesellschaftlechen Drock. «Wann ech soen, dass ech net fëmmen, kréien ech net fënnef Mol am Owend eng Zigarett ugebueden», erkläert d’Ute Heinz. Beim Alkohol wier dat awer heefeg anescht. Dofir kéint esou eng «Dréchene Januar» - Challenge och als Ursaach an als Erklärung fir d’Ëmfeld hëllefen, fir alkoholescht Gedrénks stoen ze loossen.
Dass et en Trend fir den Ersatz vun alkoholeschem Gedrénks gëtt, kann de Bernd Karl, techneschen Direkter bei Domaines Vinmoselles bestätegen. Zanter 2009 verkeeft d’Wënzergenossenschaft schonn alkoholfräie Wäin aus dem Ausland. “D’Nofro no dëse Produiten ass awer ëmmer méi an d’Luucht gaangen”, seet de Bernd Karl. Zanter e puer Deeg bitt d’Wënzergenossenschaft dofir elo hir eegen alkoholfräi Cuvée an e Vin Mousseux un, mat Drauwen aus Lëtzebuerg. Ent-alkoholiséiert gëtt en awer nach an Däitschland. Den Alkohol géing hei ganz schounend entzu ginn, soudass vill Aromaen am Wäi bléiwen. “Et ass natierlech kee schwéiere Pinot Gris, an de Vin Mousseux, ass och net mat engem Cremant gläichzesetzen”, betount de Chef-Kellermeeschter. Mee et misst ee sech op de Produit aloossen.
Och wann den Januar elo schonn eng Woch amgaangen ass, matmaache kann een ëmmer nach, an zu all Ament. Weider Informatiounen iwwert den «Dréchene Januar» sinn ze fannen op www.suchtverband.lu