CSV-Deputéiert Stephanie Weydert"Et ass e Spagat tëscht der Sécherheet an de Grondrechter vu jidder eenzelem"

RTL Lëtzebuerg
Esou huet d’CSV-Deputéiert d’Adaptatioune beim Fonctionnement vum Strofvollzuch genannt.
© RTL

De Gesetzprojet iwwer Adaptatiounen am Strofvollzuch gouf den Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber gestëmmt. D’Gesetz vun 2018 gëtt ugepasst op Basis vun de Lacunnen, déi an der Praxis festgestallt goufen.

Ënnert anerem gëtt den Ëmgang mat der Reliounsfräiheet bannent dem Prisong gereegelt. Agreéiert Geeschtlecher kënne sech méi fräi am Prisong beweegen, hu manner Sécherheetsoplagen an dierfen an Zukunft och bei d’Detenuen an d’Zell.

Donieft gëtt e kriminologesche Service geschaaft, wou evaluéiert gëtt, ob eng Persoun riskéiert, réckfälleg ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO