
D'Restriktioune vum ëffentleche Liewe ginn no an no opgehuewen. Och fir den Horesca-Secteur gouf et scho Lockerungen. Et dierf ee jo nees zu 10 an engem Restaurant op engem Dësch sëtzen. Der ganzer Oppositioun no missten elo och nees d'Caféen a Restauranten dierfen an normalen Zäite bis 1 Auer moies ophunn. D'Motioun vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar gouf e Méindeg an der Chamber awer net ugeholl. Dat natierlech, well d'Majoritéitsparteien dogéint waren.
D'Cafetieren a Restaurateuren hunn et den Ament net einfach. Eng Stënnche méi ophunn, heescht eng Stënnche méi laang verkafen. Dat am Hannerkapp hunn d'Oppositiounsparteie sech gefrot, ob et en Ënnerscheed mécht, ob et den ''Zapfenstreich'' ëm Hallefnuecht oder wéi soss eng Stonn méi spéit gëtt.
Laurent Mosar:"Wann ee bis 23 oder 24 Auer an e Restaurant geet, kann ee vun eis aus och bis eng Auer an engem Café bleiwen. Mir hunn net verstanen a bis elo och nach net erkläert kritt, wat déi imperativ Argumenter sinn, firwat 24 an net 1 Auer.''
Dem CSV-Deputéierte feelt och d'Verhältnisméissegkeet. Dobausse wären theoretesch vill gréisser Rassemblementer ouni zäitlech Limitatioun erlaabt. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert gëtt uganks eng gewëss Iwwerflächlechkeet an der Thematik zou:
''Wat ass eis Iwwerleeung? Et ass net ganz profund. D'Iwwerleeung ass, dass, wat et méi spéit gëtt, wat ee vläicht manner Krunnewaasser drénkt. Et ass och méi symbolesch geduecht, fir ze soen: et ass nach net alles ewéi am Normalen. Ech verstinn awer d'Bestriewungen, fir erëm ze erlaben, dass ee bis 1 Auer kann ophunn. Doriwwer kann ee sécherlech diskutéieren.''
De Laurent Mosar huet sech doropshi Prezisioune gewënscht. D'Gesondheetsministesch huet him dee Wonsch erfëllt.
''Mir wëssen aus deem, wat mir aus deenen anere Länner gesinn hunn, wou sech Clustere gebilt hunn... Dat gesi mir och elo erëm bei deenen neien Infektiounen, dass et sech bestätegt: do wou gefeiert gëtt. Méi e grousse Risiko ass, sech z'infizéieren, ewéi op der Aarbecht zum Beispill.''
D'Paulette Lenert ass och dorop agaangen, dass an der Stad, net wäit fort vum groussherzogleche Palais, géint der Owend dacks vill Leit openee stinn. Hirer Interpretatioun no wär an der Theorie e Cafetier, dee Leit zerwéiert, déi stinn, net konform mat der Reegel.
