Stuerm, Reen a SchnéiBis e Samschdeg de Moie kënne lokal bis 12 Zentimeter Schnéi falen, d'Waasserpeegele klammen

Andy Brücker
Et gëllt eng dräifach Alerte jaune wéinst vill Reen, Wand an och Schnéi.
D'Uelzecht zu Hesper ass schonn aus sengem Bett
D’Uelzecht zu Hesper ass schonn aus hirem Bett
© Domingos Oliveira

Meteolux hat schonn en Donneschdeg eng Warnung wéinst Reen erausginn, déi nach bis e Freideg Hallefnuecht gëllt. Et kënnen tëscht 30 a 40 Liter Reen pro Meterkibb erofkommen. Am uergsten dierft den Oste vum Land betraff sinn.

Déi aktuellsten Noriichten zum Wieder fannt dir an eisem Liveticker.

Nieft dem ville Reen kënnt dann awer och nach de Wand mat an d’Spill. Deen ass nawell zimmlech stramm ënnerwee a bléist zäitweis mat 70 bis 80 km/h. Plazeweis kënnen och 90 oder souguer 100 Stonnekilometer erreecht ginn.

Lokal bis 12 Zentimeter Schnéi

Um Freideg de Moie koum dann nach eng drëtt Alerte vu Meteolux wéinst Schnéi. Tëscht e Freideg den Owend 18 Auer an e Samschdeg de Moie 7 Auer gi 5 bis 10 Zentimeter Schnéi méiglech, virun allem op den Éisleker Koppen (iwwer 400 Meter). Lokal solle souguer bis 12 Zentimeter gemooss kënne ginn.

© Meteolux

D’Kolleege vum Radio hu kuerz virun 9 Auer dann och mam Jörg Kachelmann geschwat, deen en Update vun der Situatioun gemaach huet.

Jörg Kachelmann: Meteo Update fir Haut

Iwwerdeems am Guttland haaptsächlech Reen erofkënnt, wäert et am Éislek am Laf vum Dag a Schnéi iwwergoen. Do kann et dann och zu reegelrechte Schnéistierm kommen.

Am Laf vum Moie sinn uechter d’Land bis zu 5 Grad gemellt, am Nomëtteg falen d’Temperaturen dann op 0 Grad am Norden an 2 Grad am Guttland.

Opgepasst op de Stroossen

Duerch de staarke Wand si schonn an de fréie Moiesstonnen eng Partie Beem ëmgefall, sou zum Beispill tëscht Useldeng an Iewerleng, tëscht Houschent a Mierschent, tëscht Nidderwampech an der Schleef oder tëscht Essen a Kruuchten.

Back to Top
CIM LOGO