
Genee Chiffere wéi et ëm d’mental Gesondheet zu Lëtzebuerg steet, gëtt et keng. Bei SOS Détresse gesäit een awer, dass ëmmer méi Mënschen uruffen, well et hinnen net gutt geet, esou d’Direktesch Nadja Bretz.
Knapp ënner 4.000 Kontakter per Telefon op der Nummer 454545 d’lescht Joer. 2.200 dovu wéinst Problemer mat de Psych an der mentaler Gesondheet. Vun 2021 op 22 ass dat eng Hausse vun 10 Prozent.
Bei SOS Détresse kann een anonym mat komplett Friemen iwwert all méiglech Problemer, schwätzen. D’Direktesch a Psychotherapeutin Nadja Bretz erkläert:
.

Virop wier een do, fir nozelauschteren. Konkret Hëllefsstellung oder aner Adressen un déi ee sech ka wenden, gëtt een nëmmen eraus, wann d’Leit déi uruffen, konkret duerno froen.
“Bei eis geet et drëms ze soen, ‘mir si fir dech do a mir lauschteren der no’.”
.
Sech eleng spieren, kann den 20 Joer ale Studenten oder d’Bomi am Altersheem betreffen, dat sot d’Direktesch vun SOS Détresse am RTL-Interview.
.
D’Gefill, eleng ze sinn, dierft een net ënnerschätzen, dat kéint och zu physesche Problemer féieren, eleng iwwert déi Gefiller ze schwätzen, kéint schonn hëllefen.
Bei SOS Détresse huet een eng 60 éierenamtlech Mataarbechter, déi de Service garantéieren. Zanter kuerzem kann een och op Englesch gehollef kréien, donieft och déi dräi Amtssproochen. Vum Hierscht u géif een och een néien Online-Chat ubidden, fir de Leit nach méi einfach d’Méiglechkeet ze ginn, sech ze mellen.
.
Éierenamtlech Mataarbechter géif een nach sichen, ma et brauch een eng Ausbildung vun 18 Méint an d’Leit dierfen net doriwwer schwätzen, dass se beim 454545 op den Telefon ginn. Finanzéiert gëtt SOS Détresse vum Familljeministère an iwwert d’Spenden.