Tracing am Zuch, Bus an TramEt konnt kee Cluster am ëffentlechen Transport festgestallt ginn

Roy Grotz
Datt sech massiv mam Corona-Virus an Zich, dem Tram oder a Bussen ugestach gi wier, stëmmt net, sou d'Ministere Lenert a Bausch op eng parlamentaresch Fro.

Au contraire: am Kader vum Tracing déi am Kontext mam ëffentlechen Transport stinn, konnt kee Cluster festgestallt ginn.

Dat war wuel de Fall bei privat-organiséierten Bus-Reesen an d’Ausland, wou d’Leit iwwer Deeg Kontakt ënnerteneen haten, mee net am Kader vun Deplacementer mat Zuch a Bus.

Dat äntweren d’zoustänneg Ministeren Lenert a Bausch op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Jeff Engelen.

Vun iwwer 74.500 Dossieren, wou d’Ekipp vum Contact Tracing konnt eng potentiell Infektiouns-Quell identifizéieren, gouf et nëmmen eng 50 Fäll wou am Interview Zuch, Tram oder Bus genannt goufen - dëst mécht deemno e minimalen Taux vun 0.06% vun alle Fäll mat enger “potentieller Source” aus.

Et gouf dann och keen Kontakt mat enger bekannter positiver Persoun am ëffentlechen Transport, sou datt dës Source an de 50 Fäll als net “fiabel” kann ugesinn ginn, sou d’Ministeren Lenert a Bausch.

Hei déi komplett Äntwert vun de Ministeren!

Back to Top
CIM LOGO