AgrarsommetEt soll en Zukunftsdësch iwwer Landwirtschaft geschafe ginn

Maxime Gillen
Lynn Cruchten
Jeannot Ries
Do soll dann iwwert all d'Froen diskutéiert ginn, déi den Ament d'Landwirtschaft dominéieren, an dat Ministère-iwwergräifend, a mat der Zivilgesellschaft.
Agrar-Sommet: positiv Gespréicher
Eng vun den Haaptconclusioune vum Sommet vun dësem Donneschdeg war, dass soll en Zukunftsdësch iwwert d’Landwirtschaft geschaaft ginn.

Zu Senneng souzen um Donneschdeg de Mëtteg de Premier Xavier Bettel, de Landwirtschaftsminister Claude Haagen an d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring mat de Vertrieder aus der Landwirtschaft fir den Agrarsommet zesummen.

Eng vun den Haaptconclusioune vum Sommet vun dësem Donneschdeg war, dass soll en Zukunftsdësch iwwert d’Landwirtschaft geschaaft ginn, wou iwwert all d’Froen, déi den Ament d’Landwirtschaft dominéieren, Ministère-iwwergräifend kann diskutéiert ginn. Do wéilt een dann och d’Zivilgesellschaft mat abannen, esou de Premier.

Allgemeng hu sech d’Vertrieder vun der Landwirtschaft um Donneschdeg awer ganz zefridde mam Resultat vun den Negociatioune gewisen. Dat och bei Froen, déi am Virfeld fir vill Opreegung gesuergt haten, wéi d’Uewergrenz vum Véibestand.

Agrarsommet: Explikatioune vum Maxime Gillen

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO