Fir d’Organisateure war séier kloer, datt och wann d’Foire net an hirer gewinnter Form kéint organiséiert ginn, een déi nei Medien notze wéilt, fir d’Landwirtschaft no baussen ze weisen.
Bei der Presentatioun vun der virtueller Versioun gouf um Donneschdeg betount, datt dëst kee sougenannte „one shot“ soll sinn, mä an Zukunft dat Digitaalt komplementar zu der traditioneller Foire agebonne ka ginn. Nieft engem virtuelle Studio mat iwwer 70 Intervenanten, Live-Schaltungen op den Terrain oder virtuelle Visitten, wäert fir den Optakt vun der digitaler Foire den neie Bioaktiounsplang vum Landwirtschaftsministère presentéiert an an enger Talkronn och driwwer diskutéiert ginn, erkläert de Jeff Boonen, ee vun den Organisateuren.
Dann hu mer awer och 4 Ekippen, déi mobil ënnerwee si, wou mer reegelméisseg hischalten, fir live mat Exposanten ze diskutéieren an op Froen op der Plaz anzegoen. Mir hunn iwwer 50 Video-Reportagen, déi am Virfeld preparéiert goufen.
De Gros vum Programm ass den 3. a 4. Juli, ma scho vun e Méindeg u lafen ënnert anerem op RTL Radio Lëtzebuerg an op der Télé eng Partie Emissiounen iwwert d’Lëtzebuerger Landwirtschaft.
Fir den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf huet d’Corona-Kris de Leit gewisen, wéi vernetzt eis Welt ass, a wéi de Mënsch an der Globaliséierung ënnerwee ass.
A mer séier gemierkt hunn, datt soubal de Virus op iergendengem Eck vun der Welt bleift, e sech wäert verbreeden. A sou ass et jo och mat all eisen Déngschtleeschtungen, eise Liewensmëttel an allem, wat mer maachen. An de Fokus fir zréck ze kommen an ze soen: komm mer kucke mol ganz bewosst, wat mer hei ronderëm hunn. Dat ass eis eng Häerzensugeleeënheet bei dëser Foire
Méi Informatioune fannt der ënnert fae.lu