Visitt vun EU-IndustriekommissärEt wäerte Barrièren ofgebaut ginn

Pit Risch
Am Kader vum Kommissär Stéphane Séjourné senger Visitt ass et besonnesch ëm administrativ Vereinfachunge gaangen.
Den EU-Industriekommissär huet op geplangten Adaptatioune un der europäescher Legislatioun.
© Pit Risch

D'Europäesch Industrie misst méi kompetitiv, innovativ a resilient ginn. Dee Message gëtt den europäesche Industriekommissär Stéphane Séjourné bei senger Visitt e Freideg zu Lëtzebuerg mat op de Wee. Eng nei Strategie soll ënner anerem op der Souveränitéit, der Dekarboniséierung an der Stäerkung vum Bannemaart baséieren.

De Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Lex Delles huet dem Gaascht vu Bréissel nach emol d'Doleancen a puncto administrativ Vereinfachung mat op de Wee ginn.
De liberale Minister begréisst, datt sech an deem Dossier eppes beweegt:

"Vous le savez très bien que la simplification administrative est un point crucial pour nos entreprises ici au Luxembourg et à travers l'Europe. Et justement le PPA est un point, qui essaie encore une fois de simplifier significativement les achats publics et renforce davantage le marché européen. Il s'agit de supprimer les obstacles et d'unifier certains textes."

Lex Delles: Administrativ Vereinfachung e kruziale Punkt fir Lëtzebuerg

De franséische Kommissär Stéphane Séjourné verweist op geplangten Adaptatioune vun der europäescher Legislatioun.

"On travaille avec l'ensemble des États membres, dont le Luxembourg, pour pouvoir réduire ces barrières et que chacun fasse sa part du travail. Et c'est probablement en faisant sa part du travail que nous réussirons à faire gagner aussi en compétitivité l'Union européenne, mais en productivité et en optimisant le marché qui fait 450 millions de consommateurs."

Stéphane Séjourné: Mir schaffe mat alle Memberstaaten zesummen

Beim Besuch vum Kommissär gouf et och eng Visitt bei enger Lëtzebuerger Firma, an zwar bei "Hydro" zu Clierf, engem Acteur aus dem Metall-Beräich. Hei gëtt aalt Material recycléiert, fir nei Produiten aus Aluminium draus ze maachen. D'Entreprise wier e perfekt Beispill, dat weist, wéi den CO2-Verbrauch ka reduzéiert ginn an déi industriell Autonomie ka gestäerkt ginn, heescht et aus dem Wirtschaftsministère.

Back to Top
CIM LOGO