Background am Gespréich (23. Mee)État des lieux mam Claude Meisch nom État de la Nation

François Aulner
E Samschdeg de Mëtteg ass de Logementsminister Claude Meisch eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Den héije Präis vum Logement mécht Drock op d'Paien an deemno och op d'Betriber. De Premier Luc Frieden huet a senger Ried zur Lag vun der Natioun 300 Milliounen Euro méi ugekënnegt an e puer Modifikatiounen u Mesuren, déi et scho ginn. Fir dat alles méi am Detail ze beschwätzen, ass de Logements- an Amenagementsminister Claude Meisch dëse Samschdeg bei eis am Background.

Well hien och Educatiounsminister ass, schwätze mer och mat him iwwer d'Sécherheet an a ronderëm d'Schoul.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO