Policepresenz schéngt gehollef ze hunnWochelaang Gewalt géint Schüler aus dem Lycée Ermesinde huet opgehalen

Marc Hoscheid
Schüler aus anere Lycéeë si reegelméisseg op Miersch komm, fir do Jonker ze vernennen an ze zerklappen. 

Zu Miersch ass et an der Lescht méi dacks zu Gewalt géint Schüler aus dem Lycée Ermersinde komm. Nodeems eng Partie Elteren domadder un d'Press gaange waren, huet den Educatiounsminister Claude Meisch et en Donneschdeg wärend enger Froestonn an der Chamber confirméiert. Mëttlerweil goufen eng Partie Mesuren ergraff an d'Situatioun soll sech nees berouegt hunn.

Gewalt géint Schüler an Elteren zu Miersch - Marc Hoscheid

Zanter enger knapper Woch wier et net méi zu Attacke komm, esou den Directeur adjoint vum Lycée Ermesinde Philippe Demart. Virdru wären awer zwee Schüler wärend zwou bis dräi Woche reegelméisseg no der Schoul um Wee op d'Gare vernannt an zerklappt ginn, wat dozou gefouert hätt, datt och Kolleege vun deene Schüler an deels och Elteren indirekt oder direkt involvéiert goufen. Et wier een dann och vun den Elteren op de Problem opmierksam gemaach ginn an et hätt een direkt d'Police, d'Gemeng an d'CFL informéiert. D'Léierpersonal hätt doropshin um Parvis vum Lycée verstäerkt Kontrolle gemaach.

"Do war, vun deem wat ech gesinn hunn, lo näischt visibel Bedrohleches. Dat ware Schüler vum Cycle inférieur, sou schätze mer et mol an, déi sech alt mol hei virun der Schoul opgehalen hunn an och tëscht eiser Schoul an der Gare."

Et hätt sech bei den Täter op alle Fall net ëm Schüler aus dem Lycée Ermesinde gehandelt. Wou se genee an d'Schoul ginn, wéisst hien net, mee et wier alt mol méi dacks Ettelbréck genannt ginn. Och de Grond vun den Aggressioune wier net kloer.

Nodeems d'Police bis am Bild war, hätt een direkt Mesuren ergraff, esou den Directeur adjoint vun der Direction régionale Centre-Est Tom Heger: "Also d'Mierscher Police patrulléiert souwisou all Dag op der Mierscher Gare, wéi och an der Ëmgéigend, dat gehéiert zum Alldag vun der Police zu Miersch. Mee dee Moment, wou mir Kenntnis vun deenen dote Virfäll kritt hunn, ass natierlech och d'Policepresenz zu gewëssen Auerzäiten op der Mierscher Gare verstäerkt ginn."

D'Beamten hunn d'Schüler deels de ganze Wee vum Lycée bis op d'Gare eskortéiert an dobäi sollen d'Polizisten nawell zolidd vernannt gi sinn. D'Gemeng huet iwwerdeems Ufank der Woch d'CFL ugeschriwwen, fir an der Unterführung tëscht dem Lycée Ermesinde an der Gare Kameraen ze installéieren, esou de Buergermeeschter Michel Malherbe.

"Ech mengen et ass am Interêt vun eis alleguer. D'CFL ass och frou, wa ganz vill Clienten den Zuch huelen a jiddereen zefridden ass. Et gëtt och kee Problem, wie wat do bezilt, domadder hunn ech och nach kee Problem. Mee mir sinn op engem Terrain vun der Eisebunn an ech mengen den Anstand wëllt och, datt mer de Proprietär froen, ob mer dat dierfen."

Den Educatiounsminister Claude Meisch sot an der Chamber, d'Lycéeën, wou d'Täter an d'Schoul ginn, hätten disziplinaresch Mesuren ergraff, wéi eng genee ass awer net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO